Pierre Quétineau

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pierre Quétineau (1756 - 17. Mäerz 1794) war de Chefgenerol vun der franséischer Armée de l'Ouest während der Revolutioun.

Hie war Kommandant an der Vendée wéi et 1793 zum Opstand komm ass. Nodeem hien zu Bressières ugegraff ginn ass, an d'Mauere gefall sinn, huet hie sech op Thouars zréckgezunn. D'Vendéens hunn d'Stad ageholl an hunn de Quétineau gefaange geholl.

Déi aner Genereel hu versicht him bäizebréngen, datt d'Convention vu senger Néierlag net begeeschtert war, an him dës och net verzéie géif, de Pierre Quétineau huet net op si gelauschtert. Wéi hien nees fräikomm ass, wollt hien direkt bei seng Arméi zréck. Hie gouf virun d'Revolutiounsgeriicht gestallt, zum Doud veruerteelt an de 27. Ventôse vum Joer II guillotinéiert.

Hie war mat der Jeanne Latreille bestuet, déi beim Prozess vum Jacques René Hébert an den Hébertisten dobäi war, an och 1794 en Affer vun der Guillotine ginn ass.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Odile Métais-Thoreau, Le général Pierre Quétineau, 1756-1794 : le courage des vaincus, Hérault, Maulévrier, 1997. (ISBN 2-7407-0114-4)
Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.