Pierre Quétineau

Vu Wikipedia
Pierre Quétineau
Gebuer 25. August 1756
Le Puy-Notre-Dame
Gestuerwen 17. Mäerz 1794
Paräis
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Militär

De Pierre Quétineau, gebuer de 25. August 1756 zu Le-Puy-Notre-Dame, a gestuerwen de 17. Mäerz 1794 zu Paräis, war de Chefgenerol vun der franséischer Armée de l'Ouest wärend der Revolutioun.

Hie war Kommandant an der Vendée wéi et 1793 zum Opstand komm ass. Nodeem hien zu Bressières ugegraff ginn ass, an d'Mauere gefall sinn, huet hie sech op Thouars zeréckgezunn. D'Vendéens hunn d'Stad ageholl an hunn de Quétineau gefaange geholl.

Déi aner Genereel hu versicht him bäizebréngen, datt d'Convention vu senger Néierlag net begeeschtert war, an him dës och net verzéie géif, de Pierre Quétineau huet net op si gelauschtert. Wéi hien nees fräikomm ass, wollt hien direkt bei seng Arméi zeréck. Hie gouf virun d'Revolutiounsgeriicht gestallt, zum Doud verurteelt an de 27. Ventôse vum Joer II guillotinéiert.

Hie war mat der Jeanne Latreille bestuet, déi beim Prozess vum Jacques René Hébert an den Hébertisten dobäi war, an och 1794 en Affer vun der Guillotine ginn ass.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Odile Métais-Thoreau, Le général Pierre Quétineau, 1756-1794: le courage des vaincus, Hérault, Maulévrier, 1997. (ISBN 2-7407-0114-4)
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.