Pierre Renoy

Vu Wikipedia
Pierre Renoy
Gebuertsnumm Pierre Renwa
Pseudonym Renoy
Gebuer 30. August 1954
Léck
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Comicauteur, Cartoonist
Famill
Geschwëster Dominique de Ribeaupierre
Deckel vu Festival pour une Japonaise

Pierre Renoy ass de Kënschtlernumm vum Pierre Renwa soss och nach Pierrot genannt, gebuer zu Léck den 30. August 1954. Hien ass e belschen Zeenarist an Zeechner vu BDën.

Hien ass de Schwoer vum Schwäizer Comicszeechner Derib, dee mat senger Sëschter Dominique, déi Illustratioune moolt, bestuet ass. Si zeechent ënner dem Numm D. de Ribeaupierre.

Mat 17 Joer huet hie beim Mittéï als Encreur ugefaange mat schaffen.

1975 huet hie beim Journal de Tintin op en Zenario vum Janeiro ugefaangen d'Illustratioune vum Nanouche ze maachen, där hir Aventuren 1976 fir d'éischt am Tintin erauskoumen. Dat Joer drop huet hien och d'Zeenarien dofir geschriwwen.

De Pierre Renoy, deen zimmlech fréi mat zeechnen opgehalen huet, wunnt haut zu Tilff, wou en e klenge Bistrot exploitéiert, an deem reegelméisseg belsch Moler vun alle Borden ausstellen, vum Regionalmoler bis zu méi bekannte Moler wéi z. B. de Lécker Surrealiste Valère Gustin. Hien huet eng Virléift fir Jazz-Musek, an afrikanesch a kubanesch Museker.

Als Member vum Kommitee deen all Joer de Prix Tchantchès et Nanesse verdeelt, ënnerstëtzt hien déi Lécker Kënschtler, an organéisert dacks am Kader vu Vernissagen, Concerte vu Folklorgruppen, oder jonke Museker.

Fir de Prix Tchantchès et Nanesse deen all Joer an der Taverne Tchantchès & Nanesse am Kader vun de Fester an Outre-Meuse am August vergi gëtt, huet hie vun Ufank un den Diplom illustréiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

4 Albumen an der Serie Nanouche, an hollännescher Sprooch erauskomm ënner dem Numm Barbara.

  1. Festival pour une japonaise, Zeechner: Pierre Renoy, Zeenarist: de Janeiro. 46 Planchen, Éditions Le Lombard, 1981. Vun de 46 Planchen, war den de Janeiro Zeeneraist vun 3 Stéck, de Rescht war vum Renoy.
  2. Corrida pour une nuit blanche, Zeechner an Zeenarist: Pierre Renoy, 44 Planchen, Éditions Le Lombard, 1981.
  3. Des clous pour le Cachemire, Zeechner an Zeenarist Pierre Renoy, 44 Planchen, Éditions Le Lombard 1982.
  4. Le secret du fou à la frégate, Zeechner an Zeenariste Pierre Renoy, 46 Planchen, Éditions Le Lombard, 1983.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]