Pierre Ries

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pierre Ries
Gebuer 29. Dezember 1859
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 15. Mee 1933
Léck
Aktivitéit Ingenieur


De Joseph Pierre Ries, gebuer den 29. Dezember 1859 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 15. Mee 1933 zu Léck, war e lëtzebuergeschen Ingenieur an den éischten Direkter vun der HADIR-Schmelz zu Déifferdeng.

No senger Secondairesschoul zu Lëtzebuerg, huet de Pierre Ries en Ingenieursstudium zu Louvain gemaach.

Hien huet seng Carrière op der Metze Schmelz zu Schëffleng ugefaangen. Kuerz duerno goung hien op Léck bei d'Société des Acieries d'Angleur schaffen, wou e Chef vum Héichuewebetrib zu Tilleur gouf.

Eng Zäit laang war hien a Russland fir eng Schmelz zu Tula bei Moskau ze leeden. 1905 koum hien zeréck an d'Belsch, a gouf techneschen Direkter am Stolwierk zu Angleur. Wéi d'HADIR gegrënnt gouf, gouf hien Direkter zu Déifferdeng, an ass dat dat bis zu senger Pensioun 1925 bliwwen.