Pierre Schiltz (Buergermeeschter)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Buergermeeschter Pierre Schiltz. Fir aner Leit mam selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Schiltz.
Pierre Schiltz
Gebuer 15. November 1881
Rëmeleng
Gestuerwen 14. Januar 1952
Téiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Pierre Schiltz, gebuer de 15. November 1881 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 14. Januar 1952 zu Téiteng[1], war Buergermeeschter vun der Gemeng Keel an e Fabrikant vu Karbidsluuchten.

Hien huet a Frankräich eng Léier als Mecanicien gemaach. Säi Spëtznumm Lutepitti krut e wéi en nees zeréck zu Lëtzebuerg war, a sech als Kniwweler druginn huet, fir d'Schwächte vun den deemolege Karbidsluuchten ze behiewen a se duerno a senger Téitenger Fabrick selwer ze fabrizéieren (do wou haut d'Firma Poeckes dran ass). Deen éischte patentéierte Modell war d'Excelsior. 1913 huet en d'Record gebaut, déi weltwäit zum Asaz koum, an 1934 d'Record 2.

An de Joren 1921-28, 1932-34 an 1952 war de Pierre Schiltz Keeler Buergermeeschter.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Allamano, Willy, 2005. Dem Biergmann seng Luuchten = Les lampes du mineur = Des Bergmanns Lampen. S.l., W. Allamano, 230 S.
  • F.H., 2009. Einst ein Luxemburger Exportschlager. Die Karbidlampen des Tetinger “Lutepitti” waren weltweit gefragt. Tageblatt 2009-08-28, S. 19. [1]
  • Lunkes, Jeannot & Schon, François, 1987. Tetingen. Gestern und Vorgestern. Esch-sur-Alzette, Editpress, 328 S. (De Lutepitti. Die Grubenlampenfabrik Pierre Schiltz: S. 162-169).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Doudesannoncë vum Pierre. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (16. Januar 1952). Gekuckt de(n) 2023-04-11.