Pierre Schiltz (Deputéierten)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Deputéierte Pierre Schiltz. Fir aner Leit mam selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Schiltz.
Pierre Schiltz
Gebuer 11. Oktober 1853
Biekerech
Gestuerwen 3. Januar 1921
Lëtzebuerg
Aktivitéit Theolog, Paschtouer, Politiker
Partei Rietspartei

De Pierre Schiltz, gebuer den 11. Oktober 1853 zu Biekerech[1] a gestuerwen den 3. Januar 1921 an der Stad Lëtzebuerg[2] war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen a Politiker.

Hien huet zu Roum Philologie an Theologie studéiert an huet säi Studium mat engem Doktorat ofgeschloss.[1]

Hie gouf de 7. Juni 1879 zu Roum zum Priister geweit.[1]

1905 gouf hien als Vertrieder vum Kanton Réiden an d'Chamber gewielt. Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf hien als Vertrieder vum Walbezierk Norde fir d'Rietspartei an d'Chamber gewielt.[1]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Noruff fir de Pierre Schiltz am Luxemburger Wort vum 3. Januar 1921
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Pierre Schiltz am Luxemburger Wort vum 4. Januar 1921