Pierre Schumacher

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pierre Schumacher
Gebuer 3. Januar 1936
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Institut catholique de Paris,
École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Architekt, Moler, Auteur


De Pierre Schumacher, genannt Pit, gebuer den 3. Januar 1936 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler, Schrëftsteller a pensionéierten Architekt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Pit Schumacher huet seng Première am Jongelycée an der Stad gemaach, dräi Joer laang Philosophie am Institut catholique de Paris an duerno Architektur op der École des beaux-arts zu Paräis studéiert. Als diploméierten Architekt hat hie vun 1967 bis 1996 en Architektebüro an der Stad.

De Pierre Schumacher ass och Moler a Schrëftsteller. Hien hat eng Rei Ausstellungen zu Lëtzebuerg an huet dräi Gedichter-Sammlunge vum Raymond Schaack illustréiert. Hien huet och verschidde Bicher geschriwwen grad ewéi Gedichter a philosophesch Iwwerleeungen an Nos cahiers an an de Cahiers luxembourgeois.

Hie war eng Zäit laang Member vum Conseil national du livre, bis 2013 President vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres an ass zënter 2012 och membre correspondant vun der Académie nationale vu Metz.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

Auswiel vun de Bauwierker vum Pit Schumacher:

  • Landesbank Schleswig-Holstein, Kirechbierg (zesumme mam F. Fabeck)
  • Christiana Bank, Lampertsbierg
  • Den Norske Kredietbank, Uewerstad (zesumme mam A. Theisen)
  • Centre Financier Paribas, Uewerstad (zesumme mam F. Fabeck)
  • Hôtel Le Royal, Uewerstad
  • Résidence Hôtel de Luxembourg, Uewerstad

Molerei[änneren | Quelltext änneren]

De Pit Schumacher hat eng Rëtsch Ausstellungen, dorënner:

  • Structures Oniriques (Hôtel Le Royal, 1989)
  • Arrière-Pays (Hôtel Le Royal, 1991)
  • Lieux (Hôtel Le Royal, 1994)
  • Terrain Vague (Hôtel Le Royal, 1997)
  • Correspondances (Art Gallery, 1999)

Hien huet och verschidde literaresch Wierker Illustréiert, ë. a.:

  • Raymond Schaack: Miniatures (1986)
  • Raymond Schaack: Onyx (1996)
  • Paul Kremer: Ein Denken für das XXI. Jahrhundert (2007)
  • Raymond Schaack: Voyages dans l'imaginaire (2011)

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]