Pierre Vidal-Naquet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pierre Vidal-Naquet, gebuer den 23. Juli 1930 zu Paräis a gestuerwen den 29. Juli 2006 zu Nice, war e franséischen Historiker, dee sech virun allem mam antike Griicheland, der jiddescher Geschicht an der Zäitgeschicht befaasst huet.

Hie war Directeur d'Études op der École des Hautes Sciences Sociales an Direkter vum Centre Luis Gernet, dee vum Jean-Pierre Vernant gegrënnt gouf. Bekannt ass de Pierre Vidal-Naquet virun allem fir seng politesch Engagementer wéi zum Beispill säi militanten Asaz géint d'Folter an Algerien oder säi Kampf géint d'Holocaustverleegenung. E ganz besonnege Wäert huet hien dorop geluecht, d'Wourecht an der Geschicht ze demonstréieren, eng Wourecht, déi fräi vun alle Viruerteler soll sinn.

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Vidal-Naquet gouf an eng relativ räich jiddesch Famill gebuer. Säi Papp, de Lucien Vidal-Naquet, war e bekannten Affekot, dee sech während der Affär Dreyfus ganz kloer als Dreyfusard bekannt huet. Zudeem huet hie mam Alexandre Millerand zesummegeschafft. Scho fréi gouf de Lucien sengem Bouf ze verstoen, datt ee sech am Liewe politesch engagéiere muss: "Crois - moi, il faut être de gauche."[1]. De Pierre gouf am politesche Sënn vill vu sengem Papp geprägt. Während dem Zweete Weltkrich ass de Lucien Vidal-Naquet schonn zimmlech fréi an der Résistance aktiv ginn. Hien hat weder seng jiddesch Ofstamung nach seng politesch Astellung verstoppt gehat,[1] sou datt d'Famill sech no der däitscher Invasioun 1940 gezwonge gesouch, op Marseille ze plënneren. Zu Marseille goung de Pierre an de Lycée Perier. An dëser Schoul gouf hien eng éischt Kéier a sengem Liewe mat Antisemitismus konfontéiert. Bis dohin hat et fir hie keng grouss Roll gespillt, datt hie vu jiddescher Ofstammung war; seng Elteren hunn hien a seng Geschwëster wéineg am Sënn vu reliéser Traditioun erzu gehat. A senger Famill war d'Politik kloer méi wichteg wéi d'Relioun.[2]

Am Mee 1944 goufen d'Margot an de Lucien Vidal-Naquet zu Marseille vun der Gestapo verhaft an op Auschwitz verschleeft, wou se ermuert goufen. De Pierre Vidal-Naquet huet sech währenddeem bei senger Groussmamn verstoppt. Hien huet an där Zäit Wierker vum Charles Péguy, Jean Racine, oder d'Illiad vum Homer gelies. Dës tragesch Lecture sollt hie fir säi Liewe prägen[3].

Zu där selwechter Zäit huet hie säin Intérêt fir d'Geschicht an d'Literatur entdeckt. Hien huet seng perséinlech Tragik mat der Literatur verbonnen. An senge Mémoiren La brisure et l'attente[4] fënnt ee schonn am Titel déi Notioun vu "Broch/Brisure", mä och dat zweet Kapitel vum Buch, wou et ëm d'Deportatioun vu sengen Elteren, säi Liewen als Flüchtling mä awer och d'Entdeckung vun der Literatur an der Geschicht geet, bezeechent de Vidal-Naquet selwer als Brisure. Et ass eng Episod vu sengem Liewen déi hie staark präge wäert.

Nom Zweete Weltkrich goung de Vidal-Naquet zréck op Paräis wou e säi Lycée als éischt am Lycée Carnot an duerno am Lycée Henry IV gemaach huet. Nom Bac goung e fir en "année de khâgne" zréck op Marseille, fir sech op eng Universitéit firzebereeden. Während deem Joer gouf e sech sécher datt e wéilt Historiker ginn. A senge Memoirë schreift en:

"Faire l'Histoire, c'était pour moi le meilleur moyen de m'intéresser à tout ce qui me passionait, l'Histoire elle-même, bien entendu, surtout contemporaine, que j'appréhendais avec quelques cadres marxistes, la philosophie et la littérature, c'est-à-dire la poésie, le roman et le théâtre. Au-delà de cette recherche de totalité, l'Histoire pour moi est née d'une réflexion sur la tragédie.[3]"

Dëst Zitat weist ganz kloer dorop hi wéi wichteg d'Interdisziplinaritéit fir de Vidal-Naquet als Historiker ass. An deem Preparatiounsjoer huet hien och seng spéider Fra, d'Geneviève Brilhac, kennegeléiert, mat där e sech de 17. Juli 1952 bestuet huet.

Den universitäre Parcours[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Vidal-Naquet huet am Ufank "lettres classiques" a Geschicht studéiert, huet sech dunn awer séier entscheet fir nëmme Geschicht ze studéieren. 1955 krut hie säin Doktertitel. Nodeem en een Joer an engem Lycée zu Caen Schoul gehalen hat, gouf en Asssitent vun der Faculté des Lettres vun Universitéit vu Caen.[2]

1960 huet hie misse seng Beschäftegung un der Universitéit fir ee Joer ënnerbrieche well en d'Petitiuon vum Manifeste 121 ënnerschriwwen hat. Vun 1961 bis 1968 huet hie fir d'Universitéit Lille geschafft, gläichzäiteg vun 1964 bis 1966 war en am CNRS vu Lyon agestallt.[2]. Duerno goung de Vidal-Naquet an d'École des hautes études en sciences sociales, wou e vun 1966 un enseignéiert huet an och spéider Direkter gouf. Ausserdeem koum hien an d'Direktioun vum Centre Louis–Grenet wou en den Nofolger vum Jean–Pierre Venant gouf. Mat him zesummen huet e verschidde wëssenschaftlech Artikelen a Bicher publizéiert.

Den Historiker[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Vidal–Naquet vertrëtt d'Meenung, datt en Historiker net dofir do ass fir Theorien opzestellen mä dofir, d'Wourecht sou objektiv wéi méiglech ze presentéieren. Hien ass en engagéierten Historiker dee sech vehement géint den Algeriëkrich gewierthuet. Politesch ass hie ganz kloer lénks ze placéieren.

Dem Vidal-Naquet säin Intérêt an der Fuerschung gëllt dräi Haaptpunkten: dem antiken Griicheland, der Geschicht vun de Judden an dem Kampf géint den Negationismus vun der Shoah an drëttens der Zäitgeschicht an de Problemer fir déi hie sech asetzt.

Hie leet vill Wäert op eng wourechtsgetrei Geschichtsschreiwung. E Schlësselerlierfnis heifir war säi Papp: Dësen huet him als Jugendleche vun der Affär Dreyfus verzielt. De Pierre ass sech bewosst ginn datt d'Manéier wéi d'Geschicht duergestallt gëtt net onbedingt deem entsprécht, wéi et a Wierklechkeet war. Säi ganzt Liewen huet hie sech dofir fir eng realitéitsgetrei Geschichtschreiwung engagéiert, souguer nach e puer Méint viru sengem Doud, wou en eng Petitioun fir d'Fräiheet vun der Geschicht (Pétition pour la liberté de l'Histoire) ënnerschriwwen huet.

Hien ass géint d'Instumentaliséierung vun der Geschicht. Si soll onofhängeg vum Staat gemaach ginn: "L'Histoire n’est pas un objet juridique. Dans un Etat libre, il n’appartient ni au Parlement ni à l'autorité judiciaire de définir la vérité historique. La politique de l'Etat, même animée de meilleures intentions, n'est pas la politique de l'Histoire." [3] Dëst weist ganz kloer wéi de Vidal-Naquet sech fir d'Fräiheet vun der Geschicht asetzt: Si soll net fir politesch Zwecker mëssbraucht ginn, an hie revendiquéiert gläichzäiteg hir Onofhängegkeet. D'Politik géif d'Geschicht als Instrument benotzen an domat hir Aussokraaft mëssbrauchen.Säin Asaz ass och géint d'Mythologiséierung vun der Geschicht. Als Historiker ass de Vidal–Naquet der Meenung, datt ee Quelle kritesch misst betruechten, virun allem Distanz zu sengem Sujet halen an och op Demagogie oppasse misst.

E weidert Engagement vum Pierre Vidal–Naquet ass de Kampf géint d'Folter am Algerienkrich. Hien ass e militante Mënschrechtler. E Beispill fir säin Engagement ass d'Affär Audin: An dëser Affär geet et ëm e jonken Mathematiker deen Asssistent op der Faculté des Sciences zu Alger war an dee spurlos verschwonnen ass. De Vidal–Naquet huet sech mat Aneren Universtären zesummegedoen, ë. a. och dem Mathematiker Lucien Schwarz, dem Grënner vum Comité Audin. De Vidal–Naquet huet Artikelen iwwer dat Evenement publizéiert a sech ëffentlech géint Folter am Algerienkrich agesat, an der Hoffnung d'ëffentlech Meenung fir dat Thema ze sensibiliséieren an ze mobiliséieren.

A sengem 1989 publizéierte Wierk Face à la raison d'Etat: un historien dans la guerre d'Algerie setzt hie sech mat der Fro auserneen, wéi wäit dee militanten Aktivismus am Zesummenhang mat sengem Beruff als Historiker zesummegeet. Hie gesäit d'Roll vum Historiker ganz kloer als "témoin de la Vérité"[2].

En anere Punkt fir deen den Historiker sech asetzt ass de Kampf géint de Kolonialismus deen de Vidal-Naquet als ongerecht a mënscheveruechtend empfonnt huet. Et huet wahrscheinlech och mat senger Ausernanersetzung mam Kolonialismus ze dinn, datt hie sech sou staark fir d'Wourecht vun der Geschicht agesat huet, wann ee weess, datt virun allem an der Kolonialzäit d'Geschicht oft verfälscht gouf. Seng Thèsen iwwer den Israel–Palestina–Konflikt hunn dem Vidal–Naquet munnech Kritik abruecht.

Zesummefaassend kann ee soen datt de Pierre Vidal–Naquet als ee vun deene wichtegsten Zäithistoriker ugesi ka ginn, an och wat d'Fuerschung iwwer d'Antikitéit ugeet. Hien huet sech virun allem mam System vun de Representatiounen an der griichescher Welt, mat der griichescher Demokratie an der Tragedie auserneegesat. Zudeem war e politesch staark engagéiert an huet sech duerch Problemer, déi him an de Wee geluecht goufen, ni dovun ofbrénge gelooss, dat ze maachen, wat e fir richteg gehalen huet.

De Pierre Vidal-Naquet ass Enn Juni 2006 am Alter vun 76 Joer zu Nice gestuerwen.

Artikelen a Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Atlas historique (sous la direction de), Hachette, 1987 et 1992.
  • Clisthène l'Athénien (avec Pierre Lévêque), Les Belles Lettres, 1964 ; Macula, 1983 et 1992.
  • Économies et Sociétés en Grèce ancienne (avec Michel Austin), Armand Colin, 1972, 7e éd. 1996.
  • Du bon usage de la trahison, étude publiée en ouverture de Flavius JOSEPHE, La Guerre des Juifs, Minuit, 1977.
  • Face à la raison d'État, La Découverte, 1989.
  • Fragments sur l'art antique, Noêsis, 2002.
  • Journal de la Commune étudiante (avec Alain Schnapp), Le Seuil, 1969 et 1988.
  • L'Atlantide. Petite histoire d'un mythe platonicien, Les Belles Lettres, 2005.
  • La Démocratie grecque vue d'ailleurs. Essais d'historiographie ancienne et moderne, Flammarion, 1990 et 1996.
  • La Grèce ancienne (avec Jean-Pierre Vernant), I : Du mythe à la raison, II : L'Espace et le Temps, III : Rites de passage et * Transgressions, Le Seuil, 1990-1992.
  • La Guerre des Juifs, Bayard/BNF, 2005.
  • La Raison d'État, Minuit, 1962 ; La Découverte, 2002.
  • La Torture dans la République, Minuit, 1972 ; Maspero, 1975 ; La Découverte, 1983 ; Minuit, 1998.
  • Le Bordereau d'ensemencement dans l'Égypte ptolémaïque, Fondation égyptologique Reine-Élisabeth, Bruxelles, 1967.
  • Le Chasseur noir. Formes de pensée et formes de société dans le monde grec, Maspero, 1981 ; La Découverte, 1991, 2005.
  • Le Choix de l'histoire. Pourquoi et comment je suis devenu historien, Arléa, 2004.
  • Le Miroir brisé. Tragédie athénienne et politique, Les Belles Lettres, 2002.
  • Le Monde d'Homère, Perrin, 2000 et 2002.
  • Le Trait empoisonné. Réflexions sur l'affaire Jean Moulin, La Découverte, 1993 et 2002.
  • Les Assassins de la mémoire. « Un Eichmann de papier » et autres essais sur le révisionnisme, La Découverte, 1987 ; Le Seuil, coll. « Points Essais », 1995 ; La Découverte, Paris, 2005.
  • Les Grecs, les Historiens, la Démocratie. Le grand écart, La Découverte, 2000.
  • Mémoires, I : La Brisure et l'Attente, 1930-1955, Le Seuil/La Découverte, 1995.
  • Mémoires, II : Le Trouble et la Lumière, 1955-1998, Le Seuil/La Découverte, 1998.
  • Mythe et Tragédie en Grèce ancienne-Deux, avec Jean-Pierre Vernant, 1986 ; 1995 ; La Découverte, 2001.
  • Mythe et Tragédie en Grèce ancienne (avec Jean-Pierre Vernant), Maspero, 1972 ; rééd. sous le titre Mythe et Tragédie-Un, La Découverte, 1986 et 2005.
  • Réflexion sur le génocide. Les Juifs, la mémoire et le présent, t. III, La Découverte, 1995 ; 10/18, 2004.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • HARTOG, François, SCHMITT – PANTEL, Pauline, SCHNAPP, Alain (H.g.), Pierre Vidal – Naquet un historien dans la cité. Paris 2007.
  • Mosse, Claude, Pierre Vidal –Naquet. In: JULLIARD, Jacques, WINOCK, Micheal (H.g), Dictionnaire des Intellectuels Français. Les Personnages, les Lieux, les Moments. Paris 1996. S. 1158 – 1159.
  • Vidal-Naquet, Pierre, L'Histoire est mon Combat. Entretiens avec Dominique Bourel et Hélène Monsacré. Paris 2006. S. 15.
  • Vidal-Naquet, Pierre, Mémoires. La brisure et l'attente 1930 – 1955. Paris 1995.
  • Vidal-Naquet, Pierre, Mémoires. Le trouble et la lumière. 1955 – 1998. Paris 1998.
  • http://www.pierre-vidal-naquet.net/spip.php?rubrique2 (konsultéiert den 30.5.2012)
  • http://www.liberation.fr/culture/010156294-pierre-vidal-naquet-engage-dans-l-histoire

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Vidal-Naquet, Pierre, L'Histoire est mon Combat. Entretiens avec Dominique Bourel et Hélène Monsacré. Paris 2006. S. 15.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Mosse, Claude, Pierre Vidal –Naquet. In: JULLIARD, Jacques, WINOCK, Micheal (H.g), Dictionnaire des Intellectuels Français. Les Personnages, les Lieux, les Moments. Paris 1996. S. 1158.
  3. 3,0 3,1 3,2 http://www.liberation.fr/culture/010156294-pierre-vidal-naquet-engage-dans-l-histoire
  4. Vidal-Naquet, Pierre, Mémoires. La brisure et l'attente 1930 – 1955. Paris 1995.