Pierre d'Ailly

Vu Wikipedia
Pierre d'Ailly
Gebuer 1350 jul.
Compiègne
Gestuerwen 9. August 1420 jul.
Avignon
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Theolog, Astrolog, Professer, Philosoph, kathoulesche Priister, Kartograph, Astronom

De Pierre d'Ailly, gebuer 1350 zu Compiègne, ass gestuerwen den 9. August 1420 zu Avignon. Hie war franséische Kardinol mat engem groussen Afloss zu senger Zäit a war och een universitäre Schrëftsteller. Ausserdeem war hien Äerzbëschof vu Cambrai a Groussvogt vu Saint-Dié.

E bësschen aus sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den d'Ailly ass an enger biergerlecher Famill opgewuess (säi Papp war Metzler). Hien huet zu Paräis am Collège de Navarre vun 1364 u studéiert an ass 1381 Meeschter an der Theologie ginn. 1384 gouf e Rekter. 1389 ass hie kinnekleche Priedeger vum Charles VI. ginn, an dat selwecht Joer ass hie Kanzler vun der Universitéit vu Paräis genannt ginn. Um Konzil vu Konstanz (1414-1418) huet hien eng éischt Roll gespillt, an hie gouf vum Poopst Martin V. zum peepstleche Legat ernannt. En huet 1416 och e Buch iwwer d'Reform vun der Kierch geschriwwen, an a sengem Wierk Imago Mundi bréngt hien de Problem vun der Kugelform vun der Äerd op d'Tapéit.

Nieft der Theologie huet hie sech och mat der Astronomie befaasst. Hien huet de Moundzyklus studéiert a war un der Kalennerverbesserung bedeelegt.