Pierre de Coubertin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Foto vum Pierre de Coubertin (géint 1900)

De Pierre de Coubertin, gebuer den 1. Januar 1863 zu Paräis, a gestuerwen den 2. September 1937 zu Genf, war e franséische Sportspedagog.

No senge Studien vun der Politik, der Geschicht an der Pedagogik huet de Pierre de Coubertin säi ganzt Liewen versicht de Sport, als dat senger Meenung no beschte Mëttel fir d'Versteesdemech tëscht de Vëlker, bekannt ze maachen.

Déi vun him entwéckelt Iddi fir déi all 4 Joer am ale Griicheland organiséiert Olympesch Spiller nees opliewen ze loossen, huet sech 1894 mat der Grënnung vum Internationalen Olympesche Komitee zu Paräis realiséiert. De Pierre de Coubertin war den éischte President vun dëser Institutioun an huet dëse Poste bis 1925 behalen. 1896 goufen déi éischt Olympesch Spiller vun der Neizäit zu Athen organiséiert.

De Pierre de Coubertin huet sech intensiv mat der Sportspedagogik beschäftegt an eng Rei Artikelen doriwwer verfaasst. Hien huet d'Diskuswerfen, de Marathonlaf an de Fënnefkampf am moderne Sport agefouert.

No sengem Doud gouf säin Häerz zu Olympia begruewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre de Coubertin – Biller, Videoen oder Audiodateien