Pietà

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dem Michelangelo seng Pietà am Péitersdoum zu Roum

Eng Pietà (ital. Frëmmegkeet) och nach Vesperbild genannt, ass eng kënschtleresch (gemoolt oder dacks als Statu) Duerstellung déi d'Maria (Muttergottes) mam doudege Jesus dee vum Kräiz erofgeholl gouf, um Schouss weist. Et handelt sech em eng Zeen, déi net an der Bibel beschriwwen ass, déi awer schonn am Kräizwee ze fannen ass an zënter dem 14. Joerhonnert och eenzel duergestallt gëtt.

Pietà vum Wilhelm Achtermann an der Parkierch zu Dikrech
Commons: Pietà – Biller, Videoen oder Audiodateien