Pietra di Bismantova

Vu Wikipedia
Pietra di Bismantova
Héicht: 1.047 m
Lag: Provënz Reggio Emilia
Italien
Biergmassiv: Appennin
Geographesch
Koordinaten
:
44° 25’ 11’’ N
      10° 24’ 37’’ O

D'Pietra di Bismantova ass eng opfälleg Fielsformatioun an den nërdlechen Apenninen an Italien. Se läit um Territoire vun der Gemeng Castelnovo ne' Monti an der Provënz Reggio Emilia an der Regioun Emilia-Romagna. Et ass e schmuele Platto, mat géie Fielswänn déi sech schaarf vun der koppeger Bierglandschaft ofzeechnen.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Pietra ass aus kallekhaltege Sedimentssteng, déi am Miozän um Fong vum Mier iwwer Mergelen opgekéipt goufen. Am Gestengs fënnt ee Mollusken, déi typesch fir en tropescht Klima sinn.

De Platto ass ongeféier 1 km laang, 240 Meter breet, a steet an der Moyenne 300 M iwwer der Landschaft eraus. D'Spëtz vum Fiels läit op enger Héicht vun 1.047 Meter.