Pigment
E Pigment ass e Material, dat (eng bestëmmt) Faarf reflektéiert.
Pigmenter strale keng Faarf aus, mä reflektéiere bestëmmt Wellelängte vum siichtbare Liicht. E Pigment, dat all Wellelängten absorbéiert, huet eng schwaarz Faarf; eent, dat se all reflektéiert eng wäiss. E Pigment, dat virun allem giel, orange a rout Wellelägten absorbéiert, weist eng blo-gréng Faarf.
Pigmenter gi geholl, fir Molfaarwen, Tënt, Make-up oder soss Materialien ze fierwen. Am Géigesaz zu Faarfstoffe musse Pigmenter gebonne ginn (z. B. mat Akryll oder Uelech, wann se op en Objet, dat gefierft soll ginn, opgedroe ginn.
Natierlech Pigmenter kënnen organeschen Ursprong hunn (Planzen oder Déieren) oder e mineraleschen.
Zu de planzleche Pigmenter zielt z. B. Indigo, vu Planzen aus der Gattung Indigofera; zu deene mat animaleschen Originnen z. B. Sepia, dat aus der Tënt vu Sepië gewonne gëtt. Bekannt mineralesch Pigmenter sinn z. B. Lapislazuli oder Cinnabarit (Zinnober).
Kënschtlech Pigmenter kënnen an zwou Gruppe gedeelt ginn: Déi, déi aus chemesche Reaktioune mat Metaller gewonne ginn, an déi, déi (zënter dem 19. Joerhonnert) op Basis vu petrochemesche Verbindunge produzéiert ginn.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Pigments – Biller, Videoen oder Audiodateien |