Pillnitzer Deklaratioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Pillnitzer Deklaratioun war d'Resultat vun enger Konferenz vum 25. - 27. August 1791 um Schlass vu Pillnitz südlech vun Dresden tëscht dem Keeser Leopold II. vum Hellege Réimesche Räich an dem Kinnek Friedrich Wilhelm II. vu Preisen.

Et koum och zu Gespréicher mat dem Grof vun Artois (dem spéidere Charles X. vu Frankräich). Haaptthema vun de Verhandlungen tëscht den zwou däitsche Groussmuechte war d'polnesch Fro an d'Enn vum Krich tëscht Éisträich an der Tierkei. De Kurfürst Friedrich August III. vu Sachsen huet sech net un de Verhandlunge bedeelegt.

Schlass Pillnitz, de Biergpalais

De But vun der Pillnitzer Deklaratioun, déi nëmmen a leschter Minutt an op den Drock vu franséischen Emigrante beschloss gi war, war et, "den König von Frankreich in die Lage zu versetzen, in vollkommener Freiheit die Grundlage einer Regierungsform zu befestigen, welche den Rechten der Souveräne und dem Wohle Frankreichs entspricht", d. h. eng Koalitioun vun den europäesche Groussmuechte géint d'Franséisch Revolutioun. E militäreschen Agrëff gouf awer vun enger eenheetlecher Meenung tëscht de Groussmuechten ofhängeg gemaach, an dovu konnt een net ausgoen, wéi sech Groussbritannien an dësem Punkt zréckgehalen huet. D'Deklaratioun gouf awer a Frankräich als Krichserkläerung opgeholl. Et war e gutt Argument fir d'Propaganda, fir d'Franséisch Revolutioun mat Hëllef vun engem Krich ze radikaliséieren.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Georges Michon, Le rôle de la presse en 1791-1792: la déclaration de Pillnitz et la guerre, T.E.P.A.C, Paräis, 1941.