Pine Creek

Vu Wikipedia
Pine Creek am Nërdlechen Territoire (rout gefierft)

Pine Creek ass eng Gemeng am Gebitt vun der Stad Katherine am Nërdlechen Territoire, Australien.

Zu Pine Creek hunn am Joer 2001, 665 Leit gewunnt.

Pine Creek läit um Stuart Highway, deen Adelaide mat Darwin verbënnt.

E puer Manifestatioune sinn all Joer zu Pine Creek, fir d'Uertschaft an der Géigend méi bekannt ze maachen. Zum gréissten Deel sinn et Renn- oder Rodeomanifestatiounen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft gouf am Joer 1870 gegrënnt wärend der Ariichtung vun der Overland Telegraph Line, déi Adelaide telegraphesch mat Darwin verbanne sollt. Nodeem een Aarbechter 1871 an engem Lach fir ee vun de Maste Gold fonnt hat, ass een neie Goldrausch an Australien ausgebrach.