Pioneer-Programm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Sonde vun de Pioneer-Missiounen
Kënschtleresch Usiicht: NASA-Raumsond Pioneer 10 flitt beim Jupiter laanscht.
Pioneer-0, -1 an -2
Pioneer-3 an -4
Pioneer-5
Pioneer-6, -7, -8, -9, -E
Pioneer-P31

Ënner dem Numm Pioneer (Pionéier) sinn 19 Raumsonden zesummegefaasst, déi tëscht 1958 am 1978 fir d'Erfuerschung vun Äerdmound, der Sonn, de Planéite Jupiter, Saturn an der Venus gestart goufen. Dovu goufen der 18 vun der NASA an eng vun der USAF an den All geschéckt.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Pionéier-Missioune stoungen all ënner dem Motto „Grondlagefuerschung“. D'Wëssenschaft stoung am Ufank un zweeter Plaz, méi wichteg war d'Erpruewe vun der Technik, well d'Raumfaart am Joer 1958 nach an de Kannerschong stoung.

Pioneer 0 bis 4 an A bis D haten de Mound als Zil, Pioneer 5 war en interplanetareschen Testfluch, "Pioneer" 6-9 an E ware fir d'Erfuerschung vun der Sonn, Pioneer 10 an 11 ware fir dat baussenzegt Sonnesystem geduecht (Jupiter a Saturn), Pioneer-Venus 1 an 2 sinn op de Planéit Venus geflunn.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt dräi Sonde war eng Commande déi d'USAF bei de Space Technology Laboratories gemaach hat. Déi dräi 38 kg schwéier Sonde sollte laanscht den Äerdmound fléien a ware mat optesche Systemer ausgerëscht fir Biller ze maachen.

  • Pioneer 0 ass mat der Thor-Able-Rakéit no 77 Sekonnen de 17. August 1958 explodéiert.
  • Pioneer 1 ass den 11. Oktober 1958 gestart, erreecht duerch e fréizäitegt Ofschalte vun der zweeter Stuf vun der Thor-Able nëmmen eng Bunnhéicht vun 113.854 km (zirka een Drëttel vun der Distanz Äerd-Mound) a vergloust no 43 Stonne Fluch an der Äerdatmosphär.
  • Pioneer 2, do verseet déi drëtt Stuf vun der Thor-Able-Drorakéit den 8. November 1958. Si erreecht eng Distanz vun 1561 km [1] a vergloust dann an der Äerdatmosphär.

D'Space Technology Laboratories déi d'Sonde gebaut haten, hate fir se z'iwwerwaachen an ze steieren, dräi Buedemstatioune gebaut an zwar op Hawai mat engem 60-Fouss Parabolspigel, zu Goostrey bei Manchester an England, aus där sech duerno den Jodrell Bank Observatoire entwéckelt huet an eng zu Singapur.

Bei der Opdeelung vun de Sonden ënner d'Waffegattungen krut och d'US-Arméi zwéi Sondestarten zougesprach. Zu de bedeelegte Wëssenschaftler hat och de Wernher von Braun gezielt. Déi béid Sonden, déi ënner senger Opsicht konstruéiert goufen, haten e Gewiicht vun nëmme sechs Kilogramm an hunn als wëssenschaftlecht Experiment e Stralendetektor gedroen.

  • Pioneer 3 huet wéinst vun engem fréizäitegen Ofschalte vun der éischter Stuf vun der Juno-II-Drorakéit de 6. Dezember 1958 nëmmen eng Bunnhéicht vun 102.230 km erreecht an ass grad wéi Pioneer 1, no 38 Stonne Fluch an der Äerdrdatmosphär vergloust.
  • Mam Start vun der Pioneer 4 op enger Juno-II-Rakéit ass der USA de 4. Mäerz 1959 den entscheedenden Duerchbroch gelongen. De Mound gouf op 60.000 km passéiert. D'Sond huet duerno de Wierkungsberäich vun der Äerdschwéierkraaft verlooss. Et war déi éischt US-amerikanesch Raumsond, déi an den interplanetaresche Raum geflunn ass. Trotzdeem waren d'USA ze spéit. D'Lunik 1 hat dat schonn zwéi Méint méi fréi de 4. Januar 1959 gemaach.

Fir mat der Sowjetunioun gläichzezéien, huet déi nei Weltraumverwaltung NASA am Joer 1959 de Start vu véier Moundorbiter virbereet. Déi Grupp war en eenzege Feelschlag a gouf an der Ëffentlechkeet geheim gehalen. Dofir och déi widderspréchlech Bezeechnungen.

  • Pioneer A, och Pioneer P-1, (gëtt och dacks guer net opgefouert) ass de 24. September 1959 mat enger Atlas-Able-Rakéit bei Tester virum Start explodéiert.
  • Pioneer B, och Pioneer P-3, gouf de 26. November 1959 45 Sekonnen no dem Start duerch d'Versoe vun der Notzlaaschtverkleedung vun der Atlas-Able-Rakéit zerstéiert.
  • Pioneer C, och Pioneer P-30, explodéiert mat der Atlas-Able-Drorakéit de 25. September 1960.
  • Pioneer D, och Pioneer P-31, explodéiert zesumme mat der Atlas-Able-Rakéit de 15. Dezember 1960.
  • Pioneer 5 war e Prototyp deen NASA 1960 fir eng interplanetaresch Raumsond getest huet. Obschonn dofir nëmmen een eenzegt - 43 kg schwéiert - Exemplar disponibel war, hat dobäi alles geklappt. D'Sond gouf den 11. Mäerz 1960 mat enger Thor-Able-Rakéit gestart. De Kontakt konnt regelméisseg bis den 30. Abrëll 1960 gehale ginn, duerno goufen nëmmen nach onregelméisseg Signaler bis de 24. Juni 1960 empfaangen.

Duerno gouf et am Kontext mat de Rangermoundsonden an dem Mariner-Programm (Venus a Mars) eng Paus am Pioneerprogramm. Eréischt am Joer 1965 goufen nei Sonde gebaut. Dobäi war den interplanetaresche Raum d'Zil an deem e Sonden-Netzwierk fir d'Sonnefuerschung opgebaut sollt ginn.

Déi aner Sonden hunn zefriddestellend geschafft. D'Experimenter hu Miessunge vu Stëbsdeelercher, vu verschiddene Stralen a Magnéitfelder gemaach. D'Sond Pioneer 7 gouf 1986 och fir Observatioune vum Koméit Halley aus 12 Millioune Kilometer Distanz agesat.

Den 18. Mee 1983 huet d'NASA de Kontakt mam Pioneer 9 verluer. Déi aner dräi Sonden hunn nach bis Mëtt vun den 1990er Jore geschafft. De Kontakt mam Pioneer 7 ass den 31. Mäerz 1995 ofgebrach an den 22. August 1996 mam Pioneer 8. Och mam Pioneer 6 war no 1995 d'Kommunikatioun deelweis ënnerbrach. E leschte Kontakt mam Pioneer 6 gouf et den 8. Dezember 2000 - 35 Joer no dem Start. Dat stellt en absolute Rekord a puncto Liewensdauer duer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pioneer program – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]