Pioneer 1

Vu Wikipedia
Pioneer 1
Pioneer 1 beim Zesummebau
Zil Laanschtfluch beim Äerdmound
Biller vun der Mounduewerfläch
Land USA
Agentur NASA
Start 11. Oktober 1958, 23:21 UTC
Startplaz Cape Canaveral AFS Launch Complex 17
Drorakéit Thor-Able
Status vergloust 13. Oktober 1958

De Pioneer 1 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Pioneer 1 sollt laanscht den Äerdmound an dobäi Biller vun der Mounduewerfläch ophuelen.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Nom gegléckte Start, am Géigesaz zu Pioneer 0, hate sech Dreifwierker vun der Rakéit ze fréi ofgeschalt. Sou konnt d'Bunn vun der Raumsond net bis an d'Gravitatiounsfeld vum Mound kommen. Bei engem Apogeum vun 113.620 Kilometer[1],[2] (70,600 statute miles oder 71,700 statute miles)[3] huet se d'Kéier gemaach a war no 43 Stonnen a 17 Minutten an der Äerdatmosphär vergloust. Et konnten awer e puer Donnéeën iwwer déi baussenzeg Stralungsceinture vun der Äerd gesammelt ginn.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Pioneer 1 war déi éischt Raumsond, déi vun der NASA, no hirer Grënnung vum 29. Juli 1958, gestart gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pioneer (Raumsonden-Programm) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aus der Donnée vu 70,600 statute miles erausgerechent mat als Basis 1.609347219 km (US-Survey mile)
  2. Verschidde Quelle ginn och 113.854 km un
  3. Den NASA Final-report ass sech do selwer net eens