Pioneer 4

Vu Wikipedia
Pioneer 4
D'Pioneer 4
Zil Biller vun der Mounduewerfläch
Land USA
Agentur NASA
Start 3. Mäerz 1959, 17:11 UTC
Startplaz Cape Canaveral AFS Launch Complex 17
Drorakéit Juno II
Status Si ass op enger Sonnenëmlafbunn

D'Pioneer 4 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Pioneer 4 sollt laanscht den Äerdmound fléien an dobäi Fotoe vun der Mounduewerfläch maachen.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Pioneer 4 bestoung aus enger kegelfërmeger Fiberglasstruktur vun 51 cm Héicht an 23 cm Duerchmiesser. D'Spëtzt war als Antenn ausgebilt. Si war eppes méi kleng wéi hir Virgängerin. Déi baussenzeg Säit war mat engem Goldfilm iwwerzunn, fir s'elektresch leetfäeg ze maachen, an hat fir d'Thermalkontroll wäiss Sträifen. D'Sond gouf mat Quecksëlwerbatterië gespeist an hat e Sender mat enger Leeschtung vun 0,18 W op 960,05 MHz. Fir d'Reduktioun vun der Spinquot vu 400/min op 6/min waren zwou Masse vu jee 7 g ("Jojo-Massen") op der baussenzeger Säit ugemaach, déi ofgeworf konnte ginn.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Pioneer 4 gouf den 3. Mäerz 1959 um 17:11 UTC mat enger véierstufeger Juno-II-Rakéit gestart. D'Sond sollt laanscht de Mound fléien an dobäi an eng heliozentresch Ëmlafbunn goen. Si hat de Mound erreecht an hat déi gewënscht Stralungsmiesswäerter geliwwert. D'Erukommen un de Mound op ongeféier 60 000 km goung awer net duer, fir d'Kamera auszeléisen. D'Sond hat 82,5 Stonne laang op enger Distanz vu 658 000 km geschafft. Si ass zanterhier wéi och déi véiert Stuf vun der Juno II op enger Sonnenëmlafbunn mat enger eppes méi grousser Ëmlafzäit wéi eis Äerd.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pioneer (Raumsonden-Programm) – Biller, Videoen oder Audiodateien