Pioneer 6

Vu Wikipedia
Pioneer 6
Kënschtleresch Duerstellung vu Pioneer 6
Kënschtleresch Duerstellung vu Pioneer 6
Zil Technologie-Test an Ënnersich vum Interplanetare Raum
Land USA
Agentur NASA
Mass 146 kg
Start 16. Dezember 1960, 07:31 UTC
Startplaz Cape Canaveral AFS Launch Complex 17
Drorakéit Delta E
Status op enger Ëmlafbunn tëscht Äerd a Venus

Pioneer 6 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Si war déi éischt vun am Ganze véier Pioneer-Sonde fir d'Moosse vun der Sonnenaktivitéit an hirer Auswierkung op den interplanetare Raum. Si sollt, wéi déi dräi nofollgend Sonden, op enger heliozentrescher Ëmlafbunn Miessunge maachen an ënner anerem viru Sonnestierm warnen.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Pioneer 6 hat en zylindresche Kierper mat enger Héicht vun 81 Zentimeter an engem Duerchmiesser vun 94 Zentimeter. Nieft enger interner Batterie ware fir hir Stroumversuergung 10368 Solarzellen op hirem Mantel gepecht. D'Sond war spinstabiliséiert an hat en ettlech mat Stéckstoff bedriwwen Düsen. Donieft hunn zwou Staangen, déi sech nom interplanetaren Magnéitfeld ausgeriicht hunn, fir déi noutwendeg Stabilitéit gesuergt. Am Ganze waren zéng verschidden Instrumenter u Bord. Dorënner waren e Magnéitometer, en Instrument fir de Sonnewand ze moossen, an en Teleskop fir d'kosmescher Hannergrondstralung ze moossen.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Nom Start gouf d'Pioneer 6 an eng heliozentresch Ëmlafbunn tëscht der Äerd an der Venus bruecht. Eng Rotatioun vu 60 Ëmdréiunge pro Minutt ëm d'Längsachs vun der Sond huet fir d'Spinstabiliséierung gesuergt. D'Miessresultater goufen op engem Bandlafwierk tëschegespäichert an dann op d'Buedemstatioun iwwerdroen. Obscho se nëmmen op eng Missiounsdauer vu 6 Méint ausgeluecht war, goufen nach den 29. Juli an de 15. Dezember 1995 Donnéeën ofgeruff. Och de 6. Oktober 1997 goufen Donnéeën empfaangen. Den 8. Dezember 2000, um 35. Joresdag vun der Missioun, konnt nach eng Kéier fir ronn 2 Stonnen e Kontakt mat der Sond hiergestallt ginn. Well d'Leeschtung vun de Solarzellen ëmmer méi ofhëlt, gëtt net domat gerechent, mat der Sond nees a Kontakt ze trieden.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioun war e vollen Erfolleg. Pioneer 6 war fir eng Liewensdauer vu ronn 6 Méint virgesinn, déi si méi wéi iwwertraff hat. Si hat Donnéeën iwwer Sonnestierm geliwwert, déi vu méi wéi 1.000 Institutiounen a Firmen ausgenotzt goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pioneer 6 – Biller, Videoen oder Audiodateien