Pioneer 7

Vu Wikipedia
Pioneer 7
Kënschtleresch Duerstellung vu Pioneer 7
Kënschtleresch Duerstellung vu Pioneer 7
Zil Ënnersich vum Interplanetare Raum
Land USA
Agentur NASA
Mass 138 kg
Start 17. August 1966, 15:20 UTC
Startplaz Cape Canaveral AFS Launch Complex 17
Drorakéit Delta E
Status op enger Ëmlafbunn tëscht Äerd a Mars

Pioneer 7 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Si war déi zweet vun am Ganze véier Pioneer-Sonde fir d'Moosse vun der Sonnenaktivitéit an hirer Auswierkung op den interplanetare Raum. Si sollt, wéi Pioneer 6 an déi zwou nofollgend Sonden, op enger heliozentrescher Ëmlafbunn Miessunge maachen an ënner anerem viru Sonnestierm warnen.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Pioneer 7 hat en zylindresche Kierper mat enger Héicht vun 81 Zentimeter an engem Duerchmiesser vu 94 Zentimeter. Nieft enger interner Batterie ware fir hir Stroumversuergung 10368 Solarzellen op hirem Mantel gepecht. D'Sond war spinstabiliséiert an hat en ettlech mat Stéckstoff bedriwwen Düsen. Donieft hunn zwou Staangen, déi sech nom interplanetare Magnéitfeld ausgeriicht hunn, fir déi noutwendeg Stabilitéit gesuergt. Am Ganze waren zéng verschidden Instrumenter u Bord. Dorënner waren e Magnéitometer, en Instrument fir de Sonnewand ze moossen, an en Teleskop fir d'kosmesch Hannergrondstralung ze moossen.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Nom Start gouf d'Pioneer 7 an eng heliozentresch Ëmlafbunn tëscht der Äerd am Mars bruecht. Eng Rotatioun vu 60 Ëmdréiunge pro Minutt ëm d'Längsachs vun der Sond huet fir d'Spinstabiliséierung gesuergt. D'Miessresultater goufen op engem Bandlafwierk tëschegespäichert an dann op d'Buedemstatioun iwwerdroen. Well d'Sond baussent der Äerdëmlafbunn geflunn ass, konnt se de 7. September 1968 de magnéitesche Schwäif vun der Äerd ënnersichen. Den 20. Mäerz 1986 ass Pioneer 7 ca. 12,3 Millioune Kilometer laanscht de Koméit Halley geflunn an huet d'Wiesselwierkung tëscht dem Waasserstoff vum Koméit an dem Sonnewand ënnersicht. Genee wéi de Virgänger Pioneer 6, war Pionneer 7 fir eng Liewensdauer vu ronn 6 Méint virgesinn, déi si méi wéi iwwertraff hat.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioun war e vollen Erfolleg. Si hat Donnéeën iwwer Sonnestierm geliwwert, déi vu méi wéi 1.000 Institutiounen a Firmen ausgenotzt goufen. Am Géigesaz zu Pioneer 6, ass net virgesinn nach eng Kéier Kontakt mat der Sond opzehuelen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pioneer 7 – Biller, Videoen oder Audiodateien