Piratepartei

Vu Wikipedia

Als Piratepartei bezeechne sech a verschiddene Länner gegrënnte Parteien, déi e fräie Wëssensaustausch ustriewen. Si triede fir eng Reform vum Copyright a vun de Patentrechter an.

Déi éischt registréiert Piratepartei war an ass d'Piratpartiet a Schweden, déi 2006 ënner der Féierung vum Rickard Falkvinge gegrënnt gouf. Bei den Europawalen 2009 huet déi Partei 7,5 Prozent vun de Stëmme kritt[1].

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Participatioun vun de Leit steet am Mëttelpunkt. Dat wëll soen, datt d'Pirateparteien oppe Plattforme sinn, déi, sou wäit wéi d'Gesetzer et zouloossen, op Hierarchie verzichten. Deejéinegen dee Verantwortung fir en Aufgabeberäich iwwerhëlt, féiert a koordinéiert, ass Uspriechpartner fir de betraffene Beräich.

D'Pirateparteie vertrieden net nëmmen d'Interessi vun de Bewunner vun enger vernetzter Welt, se benotzen och hir Funktiounsweisen a Methoden.

D'Pirateparteie wëllen, am Hibléck vum rasante Wandel vun eiser Gesellschaft, virun allem duerch Web 2.0, hin zu enger Informatiounsgesellschaft, datt verschidde Gesetzer am Interessi vun der Allgemengheet, ugepasst ginn.

Schwéierpunkten[änneren | Quelltext änneren]

  • Fräien Zougank zu Informatiounen a Bildungsmaterial
  • Dateschutz
  • keng Patenter op Medikamenter an op Software
  • Reformvirschlag fir de Copyright, haaptsächlech am private Gebrauch.

E weidere Schwéierpunkt ass et en Iwwerwaachungsstaat ze verhënneren. Wichteg ass de Pirateparteien, datt aner politesch Theemen an hirem Parteiprogramm ausgeklamert ginn, fir d'Gewiicht kloer op den uewe genannten Ziler ze halen.

Registréiert Parteien[änneren | Quelltext änneren]

  • Piratpartiet (Schweden), registréiert zanter Januar 2006
  • Piratenpartei Österreichs (PPÖ), gegrënnt am Juli 2006
  • Piratenpartei Deutschland (PIRATEN), registréiert zanter September 2006
  • Partido Pirata Peruano (PP.pe)
  • Parti Pirate (Frankräich), registréiert Juni 2009
  • Partido Pirata Español (Spuenien), registréiert Januar 2007
  • Partia Piratów (Polen), gegrënnt November 2007
  • Piratenpartei Schweiz (PPS), gegrënnt Juli 2009
  • Piratepartei Lëtzebuerg (PPLU), gegrënnt de 4. Oktober 2009[2]

Och a weidere Länner si Pirateparteien aktiv, awer nach net registréiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Piratepartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Resultater vun den Europawale 2009
  2. "Piratenpartei Lëtzebuerg gründet sich." Pressecommuniqué op piratepartei.lu.