Piratepartei Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo Parteizentral
Ppluxembourg logo.png
Basisdonnéen
Grënnungsdatum: 4. Oktober 2009
Parteipresident: Sven Clement
Vizepresident: Marc Goergen
Tresorier: Claude Feltgen
Memberszuel: 285 (Stand: September 2012)[1]
Websäit: www.piratepartei.lu
Grënnung vun der Piratepartei Lëtzebuerg de 4. Oktober 2009. Stater Gronn.

D'Piratepartei Lëtzebuerg, de. Piratenpartei Luxemburg; fr. Parti pirate du Luxembourg, ass eng politesch Partei zu Lëtzebuerg. D'Partei geet der Piratendoktrin no, déi vun der schwedescher Schwësterpartei "entwéckelt" gouf. Si setzt sech säit hirer Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, ee verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen. Si fuerdert méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdert se eng grondleeënd Reform vum Urhiewerrecht a Patentwiesen, an ass géint all Form vun Zensur. Grondleeënd Prinzip ass d'Basisdemokratie, déi all Member et erlaabt aktiv d'Zukunft vun der Partei mat ze bestëmmen. D'Piratepartei ass, wei déi meescht Parteien zu Lëtzebuerg, pro-europäesch ("Europa ouni Grenzen"). Si ass Member vun de Pirate Parties International, der Daachorganisatioun vun der internationaler Piratepartei-Bewegung, an hëlt aktiv un internationale Konferenzen an Aktiounen deel.

D'Piratepartei Lëtzebuerg gouf de 4. Oktober 2009 an der Stad Lëtzebuerg vu 14 Interesséierte gegrënnt. Am Februar 2011 louch d'Zuel vun de Membere bei 90, Enn November 2011 bei 195, Januar 2012 bei 227 a September 2012 bei 285.

D'Partei huet nach u kenger Wal deelgeholl. Hiert erkläert Zil ass et, 2014 un den nationale Legislativ- an Europawalen deelzehuelen. Laut der Sonndesfro vun Ugangs Juni 2012 géingen d'Piraten bei de Chamberwalen 1 Sëtz am Süden an 1 Sëtz am Zentrum kréien[2].

De President a Matgrënner Sven Clement ass gläichzäiteg Member an der Piratepartei Däitschland an an der Piratepartei Schwäiz. Vizepresident ass de Marc Goergen, deen och Grënnungsmember ass. De fréiere Vizepresident Jerry Weyer ass och zënter Mäerz 2010 ee vun zwéi Kopresidente vun der Pirate Parties International (PPI). De Presidium vun der PP besteet aus 7 Memberen, déi all Joer gewielt ginn.

D'Partei ënnerstëtzt de Projet depuwatch.lu.

Literatur [änneren]

  • Henniqui, Anne, 2009. Piratepartei Lëtzebuerg / À l'abordage. D'Lëtzebuerger Land vum 8. Oktober 2009. Online-Archiv. (fr)
  • Kies, Raphaël, 2012. Le parti pirate / Le parti des jeunes combattants. D'Lëtzebuerger Land vum 13. januar 2012, Rubrik Forum, S. 18-19. (fr)

Um Spaweck [änneren]

Commons: Piratepartei Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]