Pirouette

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Pirouette um Äis

Eng Pirouette (vum Franséische "pirouetter" sech am Krees dréinen oder séier säi Standpunkt änneren) ass e Begrëff, dee virun allem am Danze gebraucht gëtt, sief et beim Ballet, Äiskonschtlaf oder Rollschunglaf, an deen eng Dréiung (einfach oder méi) ronderëm d'eegen Achs bedeit, meeschtens op engem Been. Dobäi kënne verschidden Haltungen ugeholl ginn.

Beim Ballett gëtt ënnerscheet tëscht enger Pirouette en dehors („no baussen“) an enger en dedans („no bannen“), je nodeem ob ee sech a Standbeen dréint oder dervunner ewech. Bei der Pirouette gi verschidde Posen ugeholl, wéi zum Beispill Arabesque, Attitude oder Rétiré (wou de Fouss vum Spillbeen widder de Knéi vum Standbeen geluecht gëtt).

Beim Päerdssport schwätzt ee vun enger Pirouette wann d'Päerd sech ëm dat bannenzecht hënnescht Been dréint.

Och eng Figur Konschtfléie gëtt Pirouette genannt, wann de Fliger sech ëm d'eege Längtenachs dréint a senkrecht no uewe flitt.