Pisces-Zwerggalaxie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pisces-Zwerggalaxis)
Pisces-Zwerggalaxis
UBV-Foto vun der Zwerggalaxis LGS 3
Stärebild Pisces (Psc)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 01h 03.9m
Deklinatioun + 21° 53.1'[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz dIrr / dSph[1]
Visuell Magnitude 14,3[2] mag
Wénkelduerchmiesser 2.0×2.0[1]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Lokal Grupp
Distanz (Lj) (2,51 ± 0,08) Mio.[3]
Routverrécklung (-9,56 ± 0,01)  10-4
Radialvitess (-286,6 ± 0,3)[1]
Absolut Hellegkeet -10,4[2]
Geschicht
Entdecker Charles T. Kowal
Kwok-Yung Lo
Wallace L. W. Sargent
Entdeckungsdatum Oktober 1978
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
PGC 3792

D'Pisces-Zwerggalaxis, och bekannt als LGS 3, ass eng irregulär geformt Zwerggalaxis am Stärebild Pisces a méiglecherweis eng Begleetgalaxis vum M33 (Dräiecksgalaxis). Si läit ronn 2,5 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. D'Galaxis huet e Radius vun nëmmen 850 Liichtjoer, an huet um Himmel eng Gréisst vun 2 Bouminutten.

D'Pisces-Zwerggalaxis ass teleskopesch schwéier z'observéieren, well si eng visuell Magnitude vu +14,3 mag an eng kleng Flächenhellegkeet huet. D'Galaxis gouf vun den Astronomen Charles T. Kowal, Kwok-Yung Lo a Wallace L. W. Sargent op fotografesche Placken entdeckt, déi am Oktober 1978 opgeholl gi waren.

Si huelen un, datt se zu der lokaler Grupp gehéiere kéint an hu s'an enger Lëscht publizéiert, déi se mat "Local Group Suspected" (LGS) bezeechent hunn. An der Lëscht sti fënnef Objeten, vun deenen der dräi als potentiell, bis elo onbekannt Membere vun der lokaler Grupp ugesi goufen. Déi nei entdeckt Galaxis steet op der drëtter Plaz, dofir d'Bezeechnung LGS 3.

Am Joer 1979 konnte schliisslech den Trinh X. Thuan an den George E. Martin d'Zougehéieregkeet vun LGS 3 zu der lokaler Grupp ënnerzeechnen; si war domat déi eenzeg Galaxis vun der LGS-Lëscht, déi als Member vun der lokaler Grupp identifizéiert gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. 2,0 2,1 Lee, M. G.: "Stellar populations of the dwarf galaxy LGS 3 in the Local Group"; in: Astronomical Journal, Vol. 110, S. 1129ff.
  3. McConnachie et al.: "Distances and metallicities for 17 Local Group galaxies"; in: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 356, Issue 4, S. 979ff.