Pisciden

Vu Wikipedia

D'Pisciden (genannt no der Konstellatioun Fësch, lat. Pisces) ass ee Meteorstroum den am September ze gesinn ass an deem seng Stäreschnäize visuell aus dem Stärebild Pisces kommen.

Am Géigesaz zu de meeschten anere Meteorstréim ass déi bescht Observatiounszäit vun de Pisciden net um Muereshimmel, mä scho géint Mëtternuecht, wann d'Stärebild bal am Süde steet.

De Radiant vun den aktive Pisciden läit no beim Fréijoerspunkt a se si vum 16. August bis den 8. Oktober – an enger stärenarmer Géigend – bei de Koordinaten 0:20 h / +2°, ze gesinn. No neie Quellen huet de Stroum nëmme méi tëschent dem 1. an 30. September vill Meteoren a gëtt mat aneren ekliptikale Schaueren ënner dem Begrëff Anthelion-Stroum zesummegefaasst.

D'maximal Zuel vun de Stäreschnäizen déi relativ lues (mat ongeféier 26 km/s) fléien, déi sougenannt Zenithal Hourly Rate (ZHR) ass ëm den 12. bis 15. September, mat ongeféier 3 bis 5 pro Stonn, gëtt awer an eisen ze wäiten nërdleche Breeten net ganz erreecht. De Maximum ass flaach, well d'Objeten zum ekliptikalen Typ gehéieren, also relativ wäit iwwer den Äerdbunnplang verstreet sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kosmos-Datentabelle in: Welcher Stern ist das. (= Kosmos-Naturführer.) Franckh, Stuttgart 1958, S. 151.