Piscis-Austriniden

Vu Wikipedia
Piscis-Austriniden[1]
Aktivitéitszäitraum 15. Juli - 10. August
Aktivitéitsmaximum 28. Juli
Radiantenpositioun
vum Maximum
RA: 22h 44m
DE: -30°
ZHR 5
Populatiounsindex 3,2
geozentresch Vitess 35 km/s

D'Piscis-Austriniden ass e Meteorstroum deen a Mëtteleuropa ze observéieren ass. De Stroum gouf den 28. Juli 1865 vum Alexander S. Herschel entdeckt.[2].

De Radiant vun de Piscis-Austriniden läit am Stärebild Piscis Austrinus, no beim Haaptstär Formalhaut. De Meteorstroum huet eng ZHR vu 5 Meteore pro Stonn. Well awer de Radiant op de mëtteleuropäesche Breetegraden knapps iwwer dem Horizont läit, sinn däitlech manner Stäreschnuppen ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. IMO Meteor Shower Calendar 2007
  2. www.namnmeteors.org