Pistasch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Pistache)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pistazie, Pistasch
Pistacia vera, Zort 'Kerman' mat zeidege Steefriichten

Pistacia vera, Zort 'Kerman' mat zeidege Steefriichten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Uerdnung: Sapindales
Famill: Anacardiaceae
Gattung: Pistacia
Aart: Pistasch
Wëssenschaftlechen Numm
Pistacia vera
Carl von Linné

D'Pistasch oder Pistazie ass d'Steefruucht vum Pistaziebam (Pistacia vera), aus der Famill vun den Anacardiacea.

Et ass dëst e Geleefsbam, dee bis zu 12 m héich a bis zu 300 Joer al gëtt. Seng Wuerzele kënne bis 15 m déif erofgoen. D'Käre sinn oval an hunn eng dënn, haart Schuel; de Som vun der Pistasch huet eng brongelzeg Haut an en hellgréngt Bannescht (d'Keimblieder). De Som gëtt an engem zweejäregen Turnus recoltéiert. Pistaziebeem hunn entweder nëmme männlech oder nëmme weiblech Bléien.

Vun de Mastix-Pistaziebeem gëtt am Juni d'Haarz gewonnen an als Wierzmëttel, Pech oder Räuchermëttel gebraucht.

Déi bedeitendst Géigenden, wou Pistachen ugeplanzt ginn, sinn den Iran, d'USA an d'Tierkei (Gaziantep).

D'Pistaschekäre ginn am Hierscht recoltéiert. Déi baussenzeg Haut gëtt ewechgespullt, da gëtt de Kär gedréchent a weiderveschafft (z. B. gëtt dat bannenzegt gemuelen, oder d'Käre gi geréischtert a gesalzt).

Um Spaweck [änneren]

Commons: Pistacia vera – Biller, Videoen oder Audiodateien