Pit Nicolas

Vu Wikipedia
Pit Nicolas
Gebuer 17. Abrëll 1939
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

De Pierre "Pit" Nicolas, gebuer de 17. Abrëll 1939 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Aulebäcker a Sculpteur. Vu Beruff war hie vun 1969 bis 1994 Konschtprofesser am Kolléisch an tëscht 1969 an 1999 am Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques zu Walfer.

Vun 1965 bis 1998 hat de Kënschtler en Atelier zu Capellen an zu Bilschdref, vun 1998 un een zu Capellen an um Fridbësch.

De Kënschtler selwer klasséiert säi Konschtstil an de Minimalismus.

Hien ass zanter 1997 Member vun der "Académie Internationale de la Céramique", déi hire Sëtz zu Genf huet.

Wierker an ëffentlech Sammlungen[änneren | Quelltext änneren]

Realisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Pit Nicolas an d'Éislek[änneren | Quelltext änneren]

"Meng Bezéiung zum Éislek ass villsäiteg:Ech hu mäin Atelier hei, ech verbréngen also e groussen Deel vu mengem Liewen hei uewen. Ech hunn awer och hei uewe Frënn mat deenen ech zesumme sinn an och zesumme schaffen. Net fir d'lescht hunn ech ee staarke Bezuch zu dësem Land, senger Landschaft a senge Leit (Jacoby & Hoffmann 1995)."

Sculpture-Fontaine. Eisen, 3 × 2 × 2,5 m. Jardin de Wiltz, Wolz.

Distinctiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992, Sëlwermedail op der "Triennal of Ceramics" am polnesche Sopot
  • 1997, eng "Mention d'honneur" op der "World Triennal Exhibition of Small Ceramics" am kroateschen Zagreb
  • 1998, de "Prix de la Biennale" op der "The 4th Cairo International Biennale for Ceramic" zu Kairo
  • 2005, eng "Mention d'honneur" op der "7ème Biennale Internationale de la Céramique" zu Manises a Spuenien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1978. 3 Künstler aus Luxemburg: Jeannot Bewing, Stahlplastiken: Jean Leyder, Aquarelle und Bilder: Pit Nicolas, Keramiken. 51 S. Galerie 66 H.G. Krupp, Hofheim.
  • Dumont, Jeanne, 1993. Pit Nicolas: un sculpteur fasciné par l'architecture plastique. In: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 14 N°3: 67-74. Luxembourg.
  • Jacoby, Lex & Léopold Hoffmann, 1995. Peintres et sculpteurs de l'Oesling: MCMXCV. Rédaction: Luc Braconnier. Impr. Kremer-Muller, Foetz.
  • Vermast, Elisabeth & Pit Nicolas, 1999. Pit Nicolas - dialogue avec l'espace, sculptures en terre. Exposition à la galerie BIL L'Indépendance du 20 janvier au 5 mars 1999. Impr. Schlimé, Bertrange.
  • Pit Nicolas, Presentatioun vum Lambert Herr, Fotoe vum Guy Wolff. 2008, éditions saint-paul.
  • Steffen, Maggie, 2023. La force créatrice d'un homme enraciné dans la terre. Le sculpteur Pit Nicolas est toujours resté fidèle à son matériau de prédilection, l'argile. Son art est à la fois ancestral et contemporain. Luxemburger Wort vum 27. Mäerz 2023, S. 44.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]