Piz Buin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Switzerland template.gif Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Piz Buin ass den héchste Bierg vu Vorarlberg an e läit an der Silvrettagrupp op der Grenz vu Graubünden (Schwäiz) a Vorarlberg (Éisträich).

De Piz Buin

De Piz Buin ass 3.312 Meter iwwer NN. Den Numm kënnt aus dem Rätoromaneschen a bedeit "Rannerspëtz". E gëtt an der Sivretta nëmme vun der riseger Pyramid vum Piz Linard mat 3.410 Meter a vum Fluchthorn mat 3.399 Meter iwwertraff. D'Grenz tëscht Éisträich an d' Schwäiz verleeft genee iwwer d'Spëtz an west-ëstlecher Richtung.

De vollen Numm op Rätoromanesch ass "Piz Buin Grond", am Géigesaz zur Zwillingspëtz "Piz Buin Pitschen" mat 3.255 Meter, deen direkt widder dem Piz Buin ass, nëmmen duerch d' Buinspléck gedeelt.