Place de Nancy (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Place de Nancy
Numm fr: Place de Nancy
Längt ca. 20 × 55 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Hollerech
Postcode 2212
Koordinaten 49° 36’ 12.3’’ N
      06° 07’ 06.3’’ O
Genannt no Nanzeg

D'Place de Nancy ass eng Plaz zu Hollerech an der Stad Lëtzebuerg. Op d'Plaz stoussen am Norden d'Rue Alphonse Munchen an d'Rue Jean Jaurès an am Süden d'Rue Émile Lavandier an d'Rue Raymond Poincaré.

An der Mëtt vun der Plaz stinn zwou Reie vu japaneschen Ziirkiischtebeem mat wäisse Bléien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Plaz ass no der franséischer Stad Nanzeg ((fr) Nancy), der „Haaptstad (Prefecture) vum Departement Meurthe-et-Moselle, benannt.

De Karel de Kéngen (1433 - 1477), fréieren Herzog vun der Bourgogne a vu Lëtzebuerg, war no sengem Doud fir d'éischt zu Nanzeg begruewe ginn, ier säin Urenkel, de Karel V., déi stierflech Iwwerreschter op Lëtzebuerg iwwerféiere gelooss hat. Dräi Joer méi spéit, gouf hien dunn definitiv zu Bruges bäigesat[1].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place de Nancy (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich, Henri Beck 1988,Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 29: 30