Planéitentransit

Vu Wikipedia
Venustransit vum 8. Juni 2004 um 10:19 – Planéit Venus vollstänneg virun der Sonnescheif

E Planéitentransit oder Planéitenduerchgank nennt een dat Laanschtzéien vun engem Planéit virun der Sonn. De Planéit, dee laanscht zitt, erschéngt dobäi als schwaarz Scheifchen. Fir en Duerchgank mussen zwou Bedéngungen erfëllt sinn:

  • D'Standplaz- an den Transitplanéit musse mat der Sonn an ënneschter Konjunktioun („an enger Rei“) stoen, d. h. d'ekliptikal Längt vun de Planéiten ass déi selwecht.
  • Wärend der Konjunktioun muss d'ekliptikal Breet kleng genuch sinn, well soss d'Scheif vum Transitplanéit iwwer oder ënner der Sonnescheif laanschtleeft. D'geometresch Observatioune sinn heifir vill méi opwenneg.

Vun der Äerd aus gesinn sinn zwou Aarte vun engem Planéitentransit méiglech:

  1. de Merkurtransit, 13- bis 14-mol pro Joerhonnert
  2. de Venustransit, 2-mol a ronn 120 Joer

Awer och fir déi aner Planéiten, ausser dem Merkur, si Planéitetransitte méiglech:

  1. Äerdduerchgank vum Mars aus gesinn
  2. Jupiterduerchgank vum Saturn, Neptun oder Uranus aus gesinn

Duerch Observatioun vu Venusduerchgäng vu 1761 an 1769 vu verschiddenen Äerdpunkte aus, konnt d'Distanz tëscht Äerd a Sonn bestëmmt ginn. Donieft gouf virun allem am 18. an 19. Joerhonnert ëmmer nees iwwer den Transit vun onbekannten Himmelskierper virun der Sonn beriicht, déi een engem hypotheteschen intramerkurielle Planéit zougeschriwwen hat. Dëse Planéit, deen ni gesi gouf, hat den Numm Vulkan kritt.

De 7. Mee 2003 war de leschte Merkurtransit, deen an Europa gesi konnt ginn. De leschte Venusduerchgank war de 6. Juni 2012. De Merkurduerchgank vum 8. November 2006 war vun Europa aus net ze gesinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Arnold Hanslmeier: Einführung in Astronomie und Astrophysik. Spektrum Akademischer Verlag, 2. Oplo 2007. ISBN 978-3-8274-1846-3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie