Planéitesimal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kënschtleresch Duerstellung vu Planéitesimale

Planéitesimale sinn d'Virleefer an d'Bausteng vu Planéiten.

D'Bezeechnung Planetesimal gouf 1904 vum US-amerikanesche Geolog Thomas Chrowder Chamberlin agefouert. Hien hat d'Wuert aus planet an infinitesimal (an dat onendlech Kleng goen) gekräizt.

Planéitesimale forme sech duerch Akkretioun, e Prozess, bei deem sech mikroskopesch kleng Stëbsdeelercher vun der Akkretiounsscheif enges spéideren Planéitesystem (wéi zum Beispill am Sonneniwwel, dem Virleefer vum Sonnesystem) zu gréissere Partikelen zesummeballen. Stoussen sou Deelercher mat niddreger Vitesse zesummen, verkliewen si opgrond Chemesch Adhesioune oder Uewerflächenhaftung mateneen. Kierper, déi op dës Weis zu engem Duerchmiesser vu bis zu engem Kilometer ugewues sinn, bezeechent een als Planéitesimale.

Fir hiert weidert Wuessen ass an éischter Linn d'Gravitatioun verantwortlech. D'Kierper sammelen nëmmen kleng Quantitéite Stëbs un, verbanne sech awer mat anere Planéitesimale zu méi groussen Objeten. Wann eng bestëmmt Mass erreecht gouf, ginn déi eenzel gebonne Planéitesimalkéip duerch d'Gravitatioun zu engem eenheetlechen Objet zesummegepresst. Bei genuch héijer Mass gëtt de Kär opgehëtzt a gëtt uschléissend flësseg. Planéitesimale enthalen op d'mannst Eisen-Siliciumoxiddichromokarbonate a sinn domat vu gréisster Bedeitung fir d'Formung vu Planéiten, besonnesch vun sou er déi der Äerd gläichen.

Computersimulatiounen hu gewisen, datt de Prozess vum Zesummenformen an engem relativ kuerzen Zäitraum geschitt. An nëmmen 100.000 Joer konnten sech d'Planéitesimale vum fréie Sonnesystem zu planetare Kierper vun der Gréisst vun eisem Äerdmound oder vum Planéit Mars entwéckelen.

Den T. C. Chamberlin hat am Joer 1900 mat dem US-amerikaneschen Astronom Forest Ray Moulton eng Theorie opgestallt, no där sech d'Planéitesystem aus Material geformt hat, dat e Stär bei engem noe Kontakt mat der Sonn duerch Gezäitekraaft lassgerappt hätt. Dës Chamberlin-Moulton-Theorie ass haut iwwerlieft. Si gëtt och als Planéitesimalhypothes bezeechent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie