Plan incliné vu Ronquières

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Plan incliné. Dee lénksen Trach, (riets am Bild) mat enger Peniche dran, ass grad am Gaang, eropgezunn ze ginn.

De Plan incliné vu Ronquières ass e Schëffslift an der Belsch, an der Provënz Hainaut, deen 1968 um Kanal Bréissel-Charleroi ugeluecht gi war.

De Plan incliné vu Ronquières gläicht en Héichtenënnerscheed vun 68 Meter op enger Längt vu 1.432 Meter aus. E besteet aus zwéin Träch, déi op Schinne montéiert sinn. All Trach ass 91 m laang an 12 m breet a kann op enger Héicht vun 3 bis 3,70 m mat Waasser gefëllt ginn. Eng Péniche vu bis zu 1350 Tonnen, oder e puer méi kleng Schëffer, kënnen duerch eng Schleis eran- an erausfueren.

Den Trach gëtt mat Hëllef vun 8 Kabelen, mat Hëllef vun enger Seelwann an engem Kontergewiicht vu 5.200 Tonnen, mat enger Vitess vun 1,20 m/s erop- oder eroffuere gelooss. E brauch deemno eng Dräivéierelstonn fir säin Trajet.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Plan Incliné de Ronquières – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen