Plan incliné vu St.Louis/Arzviller

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 48° 42’ 57’’ N 07° 13’ 06’’ O
Den Trach vun uewe gesinn

De Plan incliné vu St.Louis/Arzviller ass e Schëffslift am Marne-Rhäin Kanal, deen et Schëffer erlaabt, d' Vogesen z'iwwerwannen. De Plan incliné ass um Terrain vun de Gemengen Saint-Louis an Arzviller a Loutrengen am franséischen Departement Moselle.

Den Niveausënnerscheed vun 44,55 Meter, fir dee fréier 17 Schleisen néideg waren, konnt vun 1969 un mat engem Lift geléist ginn.

En eezelnen Trach mat enger Längt vun 41 m , enger Breet vu 5,2 m an enger Waasserdéift vun 3,2 m transportéiert e Schëff bannen 20 Minutten op engem Hank vu 41 % erop oder erof. Well den Trach uewe méi voll gelude gëtt an duerch zwee Kontergewiichter vu 450 Tonnen gehale gëtt, ass d'Energie, déi néideg ass op e Minimum reduzéiert.

Dëse Modell vu Lift ass eenzeg an Europa, well de Schëffskierper steet am rietse Wénkel zu der Ramp, déi eng Längt vun 108,65 m huet.

De Plan incliné ass en Touristemagnéit mat iwwer 140.000 Visiteuren am Joer, bei deem déi Couragéiert matfuere kënnen, an ënnen mat engem Touristenzichelche matgehol kënne ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Schëffslifter

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plan incliné de Saint-Louis-Arzviller – Biller, Videoen oder Audiodateien