Planetaresch Nomenklatur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Al Äerdmoundkaart mat net méi IAU-konforme Bezeechnungen (Andrees Allgemeiner Handatlas vun 1881).
Eng Kaart vum Planéit Mars opgezeechent vum Giovanni Schiaparelli, déi klassesch Albedo Funktioune weist.

D'Nomenklatur vum Planéitesystem oder d'planetaresch Nomenklatur ass de System fir eng wëssenschaftlech eendäiteg Bezeechnung vun Uewerflächestrukture vu Planéiten, Mounden a méi klengen Himmelskierper am Sonnesystem maachen ze kënnen. D'Zouweisung vun dëse Bezeechnunge läit zanter hirer Grënnung 1919 an den Hänn vun der IAU.[1]

Methode vun der Nummzouweisung[änneren | Quelltext änneren]

Soubal wéi et vun engem Himmelskierper éischt Biller gëtt, gëtt (meeschtens vun enger IAU-Aarbechtsgrupp) en Thema gewielt an en etlech opfälleg Uewerflächestrukture kréien en Numm.

Am Uschloss ka jiddweree Virschléi fir weider Nimm maachen, déi vun der Aarbechtsgrupp dann diskutéiert ginn. Gëtt de virgeschloenen Numm als zum Thema passend erkannt, gëtt en fir d'éischt emol zréckgestallt. Soubal méi héich opléisend Bildmaterial oder méi genee Kaarten do sinn gëtt vun de bedeelegte Wëssenschaftler fir déi ënnersicht Uewerflächestruktur en Numm ugefuerdert. Aus de virgeschloenen Nimm gëtt dann e méiglechst passenden Numm ausgewielt an dëse Virschlag gëtt dann un de Working Group for Planetary System Nomenclature (WGPSN), déi fir planetologesch Nomenklatur zoustänneg Aarbechtsgrupp vun der IAU, weidergeleet, wou den Numm nach eng Kéier diskutéiert gëtt. Wann de Virschlag an der WGPSN Zoustëmmung fënnt, gëllt en als "virleefeg unerkannt" (provisionally approved) a kann ënner geméissem Hiwäis a Kaarten an Publikatioune gebraucht ginn. Zum Schluss ginn déi virleefeg Nimm nach vun der Generalversammlung vun der IAU bestätegt. Duerno ass den Numm "offiziell ugeholl" (adopted).

IAU Regelen a Konventiounen[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi vun der IAU akzeptéiert Nimm gëtt et eng Rei vu Regelen a Konventiounen, déi sech am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn:

  1. D'System vun der Nomenklatur sollt an éischter Linn einfach, kloer an eendäiteg sinn.
  2. Strukture mat enger Ausdehnung vu manner wéi 100 m kréien nëmmen dann en Numm, wa si vun aussergewéinlechem wëssenschaftlechen Interessi sinn.
  3. Nimm sollten net iwwer wëssenschaftlech Erfuerdernesser eraus vergi ginn, fir hir Zuel méiglechst kleng ze halen.
  4. Méifachgebrauch vun engem Numm sollten ënnerlooss ginn.
  5. Déi gebraucht Nummform ass déi vun der Urspronkssprooch. Eng Ëmschrëft gëtt zwar uginn, ass awer net den offiziellen Numm.
  6. Souwäit et méiglech ass, sollte geschichtlech etabléiert Konventioune beuecht ginn.
  7. D'Nummgiewung sollt international ausgeglach sinn. An der Géigend vum Landepunkt vun engem Raumfluchkierper ass en Iwwergewiicht vun Nimm aus dem betreffende Land resp. Kulturkrees akzeptabel.
  8. Nimm, déi haut nach vu politescher, militärescher oder reliéiser Bedeitung sinn, ginn net akzeptéiert.
  9. D'Benennung no Persoune gëtt et nëmmen als Éierung vun international unerkannte Perséinlechkeete vu bleiwender Bedeitung. Déi Betreffend mussen zanter op d'mannst dräi Joer dout sinn. Wann ënnerschiddlech Schreifweise vun engem Persounennumm existéieren, gëtt déi ugeholl, déi déi betraffe Persoun am léifsten hat.

Bezeechnunge fir Uewerflächestrukturen[änneren | Quelltext änneren]

D'Nimm vun alle planetare Strukture bestinn am Allgemengen aus enger Strukturbezeechnung (z. B. Sinus) an deem eigentlechen Numm (z. B. Iridum, also Sinus Iridum"Reebou-Bucht"), ausser bei Krateren, bei deenen d'Strukturbezeechung implizit ass a bei en etlech kuerzliewege Strukturen, beispillsweis op de Mounden Io an Triton.

Bezeechnung, Méizuel Bedeitung[2] Beschreiwung Code[3]
albedo feature eent duerch Ënnerscheeder vun der Uewerflächenhellegkeet (Albedo) bestëmmt Gebitt. AL
Arcus, Arcus Bou boufërmeg oder gekrëmmt Strukturen, zurzäit sinn d'Hotei Arcus um Titan bekannt. AR
Astrum, Astra Stär radialsymmetresch Strukturen op der Venus AS
Catena, Catenae Ketten eng Kette vu Krateren CA
Cavus, Cavi Höhl, Lach déif, onregelméisseg geformt Ofsenkung oder Grupp vun Ofsenkungen CB
Chaos Urmass ouni Form Gebitt mat onregelméissegem, rauem Terrain CH
Chasma, Chasmata Äerdspalt, Kluft déif, laanggezunne Spléck oder Kluft CM
Colles (Mz.) Hiwwel Grupp vu klengen Hiwwelen. CO
Corona, Coronae Kranz, Kroun oval oder rankfërmeg Struktur, déi keen Aschlagkrater ass CR
Crater, Crateres Mëschfaass, Waasserbecken, Vulkankrater bal kreesfërmeg Struktur, déi méiglecherweis en Aschlagkrater ass AA
Dorsum, Dorsa Réck (vun engem Päerd oder Iesel) Gelänneréck DO
eruptive center aktive Vulkan um Io ER
Facula, Faculae klng Fackel helle Fleck FA
Farrum, Farra Broutmass flaach, pankeschkuchenaarteg Struktur oder Grupp vun ähnleche Strukturen FR
Flexus, Flexus Bou, Krëmmung flaach, gekrëmmte Struktur FE
Fluctus, Fluctus Well mat vulkaneschem Vulkangestengs iwwerstréimte Fläch FL
Flumen, Flumina Floss méiglecherweis Flëssegkeet transportéierend laanggestreckte, kanalaarteg Strukturen um Titan FM
Fossa, Fossae Gruef laang, schmuel a flaach Becken FO
Insula, Insulae Insel isoléiert Gebitt banne vun enger mat Flëssegkeet bedeckter Regioun (eenzeg Struktur vun dësem Typ ass d'Mayda Insula um Titan) IN
Labes, Labes Äerdrutsch Schottermaterial aus enger Rutschung, Schotterkegel (nëmmen um Mars) LA
Labyrinthus, Labyrinthi Labyrinth Gebitt mat sech iwwerlagerenden a schneidenden Däller a Réck LB
Lacus Séi kleng Flächen um Äerdmound an um Mars, mat Flëssegkeet bedeckte Regioun um Titan LC
landing feature Ëmgéigend vun de Landeplazen vum Apollo-Programm um Äerdmound LF
large ringed feature rankfërmeg, agesackte Strukturen LG
Lenticula, Lenticulae Lëns kleng donkel Flecken um Europa LE
Linea, Lineae Linn donkel oder hell, laang, dënn Struktur LI
Macula, Maculae Fleck donkelen, eventuell onregelméissege Fleck MA
Mare, Maria Mier grouss, bal ronn Fläch ME
Mensa, Mensae Dësch Plateau mat schaarf offalende Ränner MN
Mons, Montes Bierg Bierg resp. an der Méizuel Biergzuch oder Bierger MO
Oceanus Weltmier ganz grouss, donkel Gebidder (nëmmen um Äerdmound) OC
Palus, Paludes Mouer kleng Fläch um Äerdmound an um Mars PA
Patera, Paterae flaach Schuel onregelméissege Krater PE
Planitia, Planitiae Fläch, Niveau méi déif geleeë Fläch PL
Planum, Plana Fläch, Plateau Héichfläch oder Héichplateau PM
Promontorium, Promontoria Virbierg Biergvirspronk op enger Fläch um Äerdmound PR
Regio, Regiones Gebitt grousst, duerch Faarf oder Hellegkeet ofgesate Gebitt oder allgemeng en ausgedehntent Gebitt RE
Reticulum, Reticula Netz netzaarteg Strukturen op der Venus RT
Rima, Rimae Rëss, Rëtzer déif ageschniddent Dall oder Spléck um Äerdmound RI
Rupes, Rupees Klipp Rampli oder Ramplistuf RU
satellite feature no enger Noperstruktur benannt Struktur, woubäi dem Numm e grousse Buschtaf ugehaange gëtt (kuckt z. B. Mösting A) SF
Scopulus, Scopuli Klipp Fielsvirspronk, Ausleefer mat Ramplistuf SC
Sinus Bucht vun engem boufërmeger Hiwwel begrenzt kleng Fläch SI
Sulcus, Sulci Gruef, Offloss parallel verlafend Grief- an Offlossstrukturen SU
Terra, Terrae Äerd, Land ausgedehntent Gebitt TA
Tessera, Tesserae kleng Fläch, Plättchen polygonal geglidderten Terrain op der Venus TE
Tholus, Tholi Kuppeldach vun engem Tempel kleng, doumaarteg Hiwwelen TH
Undae Wellen Dünefeld UN
Vallis, Valles Dall flaach Däller VA
Vastitas, Vastitates Wüst ausgedehnte Fläch (am Ament nëmmen d'Vastitas Borealis um Mars) VS
Virga, Virgae faarweg Sträifen faarflech ofgesate, längelzeg Struktur VI

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ronald Greeley, Raymond M. Batson: Planetary Mapping. Cambridge University Press 1990, ISBN 052103373X
  • E. A. Whitaker: Mapping and Naming the Moon: A History of Lunar Cartography and Nomenclature. 1999, ISBN 0-521-62248-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. History of Planetary Nomenclature
  2. Laténgesch Wuerzel
  3. Deen an der IAU-Datebank gebraichte Bezeechner fir en Typ vu Strukturen, kuckt Descriptor Terms.