Plankton Waves

Vu Wikipedia
Plankton Waves
Museksgenre Dark Electronic, Synth Pop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009
Memberen Michel Flammant (alias "Ole Sandström", Synthesizer, Gittar, Bass)
Natalie Pickar (alias "Helena Dyboek", Gesank, Gittar)[1]

Plankton Waves war eng lëtzebuergesch Musekband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwee Membere vu Plankton Waves ware virdru schonn an de Gruppen John McAsskill a Minipli aktiv. D'Sängerin Natalie Pickar (och nach "Helena Dyboek") an de Museker Michel Flammant ("Ole Sandström") hu Plankton Waves am Dezember 2009 nom Enn vu Minipli gegrënnt.[2]

Den Duo huet d'EPen Unduriel (2010) a Songs of Endings (2013) erausbruecht. Donieft sinn e puer Singelen erauskomm a fir d'Lidder Cloud Caravan (2012) a Warriors (2014) goufe Musekvideoe gedréint.

Plakton Waves sinn ënner anerem 2012 op der Fête de la musique an der Stad Lëtzebuerg opgetrueden,[3], an am selwechte Joer och an der Lëtzebuerger Virentscheedung vun den "Découvertes" vum franséische Festival Printemps de Bourges.[4]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: Unduriel
  • 2013: Songs of Endings

Single[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: Buy Happiness
  • 2010: The Lights of Marfa
  • 2012: Cloud Caravan
  • 2012: We Are

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. disagreement.net
  2. lequotidien.lu: L'automne directement après le printemps (20. Mee 2010)
  3. tout-luxembourg.com: Fête de la musique 2012 à Luxembourg (20. Juni 2012)
  4. wort.lu: “Printemps de Bourges”-Vorrunde in der Rockhal (15. Mäerz 2012)