Plektrud

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Plectrude.jpg

D'Plektrud(is), och Bliktrud, gebuer géint 650, a gestuerwen 717 oder 725, war eng austresch Adeleg.

Hire Papp war de Pfalzgrof Hugobert, hir Mamm d'Irmina vun Oeren an hir Sëschter d'Äbtissin Adela von Pfalzel bei Tréier. Ëm 670/675 huet se de karolingeschen Hausmeier Pippin de Mëttelsten (och den Décken oder vun Herstal genannt) bestuet. Vun him hat se zwéi Jongen, den Drogo an de Grimoald de Jéngeren. Allebéid kruten se vum Pippin wichteg Ämter. Wéi de Pippin sou gutt wéi um Stierwe louch, huet d'Plektrud probéiert, hiren Enkelen (béid Jonge waren do schonn dout) d'Successioun ze sécheren. De Pippin hat nämlech och nach e Kand mat der Chalpaida (Alpaid) vu Bruyères, de Karl, dee spéider als Karl Martell sollt bekannt ginn. D'Plektrud huet hien dofir zu Köln aspäre gelooss. Hie konnt awer vun do fortlafen, huet sech eng Arméi zesummegestallt an domat d'Plektrud dozou gezwongen, seng Rechter unz'erkennen (717).

D'Plektrud huet St. Maria im Kapitol zu Köln gestëft, wou se, sou gëtt ugeholl, och begruewe läit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Konecny, Silvia: Die Frauen des karolingischen Königshauses: Die politische Bedeutung der Ehe und die Stellung der Frau in der fränkischen Herrscherfamilie vom 7. bis zum 10. Jh., Wien: VWGÖ, 1976.
  • Schieffer, Rudolf: Die Karolinger, W. Kohlhammer Druckerei GmbH + Co. Stuttgart, 2000, S. 23,31-33,35-38,40

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plektrud – Biller, Videoen oder Audiodateien