Plektrum

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Picks.JPG

E Plektrum (Mz: Plektren) ass eng kleng, dräieckeg Plack, mat där een d'Säiten vun enger Gittar, engem Bass oder enger Mandolin "uschléit". Wann een d'Säite mat engem Plektrum uschléit, entsteet e méi markanten a méi haarden Toun, wéi wann een se mat de Fangeren zupft. Dat variéiert allerdéngs mat der Déckt an dem Material vum Plektrum, der Spillmanéier vum Musikant an der Zort an der Qualitéit vun de Säiten.

Plektre si meeschtens aus Nylon, Plastik, Metall, Holz oder Steen. Hir Déckt variéiert tëscht 0,1mm an 0,5mm. D'Form ass meeschtens dräieckeg an den Duerchmiesser läit tëscht 2-3 cm, jee no der Gréisst vun de Fangere vum Spiller.

Commons: Guitar picks – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen