Pleonasmus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pleonasmus (Griichesch: πλεονασμóς pleonasmós Iwwerfloss) ass eng rhetoresch Figur, bei där eng Ausso duebel gebraucht gëtt.
Meeschtens gëtt de Pleonasmus onbewosst gebraucht. An deem Fall gëllt en als schlechte Stil. Allerdéngs gehéiert dat bewosst Widderhuele vu Sazdeeler zu der héijer Konscht vun der Ried, der Rhetorik.
[änneren] Beispiller
- mëndlech Ried
- ëmmer an éiweg
- voll a ganz
- mat mengen eegenen Aen
- mat mengen eegenen Hänn
- grousse Ris
- klengen Zwerg
- HIV-Virus
- Laacher Séi
- Guerilla-Krich
- doudeg Läich
- wäisse Schëmmel
- schwaarzen Neger
- echt Lieder
- massiv Eechenholz
- är eege Wonschlëscht
De Géigendeel vun engem Pleonasmus ass en Oxymoron.