Plou
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Plou ass e Geschir, dat beim Akerbau gebraucht gëtt fir de Buedem, op deem duerno geséint gëtt, d'ënnescht-d'iewescht ze dréinen, en ze vergrimmelen a propper ze maaachen.
E Plou gouf fréier vu Mënschen oder Béischte gezunn, ewéi Uessen, Päerd oder Ieselen. Haut ass et meeschtens en Trakter, deen en zitt.
[änneren] De Pluchet-Plou
De Pluchet-Plou war eng Weiderentwécklung vum einfache Plou duerch de Vincent Charlemagne Pluchet (1774-1837) [1]. Et war e Plou deen an der Héicht an an der Breet verstallt konnt ginn. Dëse Plou gouf bis an d'50er Joren, wéi d'Trakteren opkoumen, a Frankräich, besonnesch vun de Bauere vum Plateau de Trappes gebraucht.