Plutino
Als Plutinos, net ze verwiessele mat Plutoiden, ginn an der Astronomie déi Objete vun der Kuiperceinture bezeechent, deenen hir Bunnelementer mat deene vum [[|(134340) Pluto|Pluto]] vergläichbar sinn. Déi Ëmlafbunne ginn duerch eng 3:2-Resonanz zu der Ëmlafbunn vum Planéit Neptun stabiliséiert, dat heescht, während dräi Neptunëmleef ëmronne se d'Sonn zweemol. Duerch déi Synchroniséierung ginn enk Rendez-vouse mam Neptun ënnerlooss, soudatt am Ëmkrees vum Riseplanéit nëmmen esou Bunnen op laang Dauer stabil sinn.
Déi éischt véier Plutinos goufen hannereen a véier Deeg vum 14. bis de 17. September 1993 entdeckt, – 63 Joer nom Pluto. Am Ament gëtt d'Zuel vu grousse Plutinos (iwwer 100 km) op méi wéi 1000 geschat. Dës Schätzunge sinn awer nach ganz onsécher, well nëmme ganz wéineg Daten iwwer d'Kuiperceintureobjete virleien.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Méiglech Genesis
Während dem Entstoe vum Sonnesystem goufen duerch d'Gasplanéite Planetesimaler an den baussenzege Beräich (Kuiperceinture an Oort-Wollek) geschleidert, wouduerch sech dem Neptun seng Ëmlafbunn vergréissert hat. Duerch Simulatiounsrechnunge konnt nogewise ginn, datt en dobäi op sengem Wee déi schonns existéierend Objete an der 3:2-Resonanz wéi e Schnéiplou viru sech hier „geschubst“ hat.
[änneren] Grouss a bekannt Plutinos
| Numm | Duerchmiesser | grouss Hallefachs | Perihel | Aphel | Ëmlafzäit | Bunnschréiegt | Exzentrizitéit | Oppositiounshellegkeet 2008 | Oppositiounshellegkeet am Perihel |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| [[|(134340) Pluto|Pluto]] | 2320 km | 39,2 AE | 29,6 AE | 48,8 AE | 248 Joer | 17,1° | 0,244 | 14,m1 | 13,m8 |
| Charon | 1270 km | Gréisste Mound vum Pluto | |||||||
| 1993 RO | ~140 km | 39,06 AE | 31,5 AE | 46,6 AE | ~247 Joer | 3,7° | 0,194 | 23,m0 | 22,m9 |
| 1993 SB | ~130–200 km | 39,24 AE | 26,7 AE | 51,8 AE | 248 Joer | 1,9° | 0,320 | 22,m4 | 21,m9 |
| (15789) 1993 SC | ~300 km | 39,40 AE | 32,10 AE | 46,71 AE | 247 Joer | 5,2° | 0,185 | 22,m5 | 21,m9 |
| (47171) 1999 TC36 | ~405 km | 39,23 AE | 30,55 AE | 47,91 AE | 246 Joer | 8,4° | 0,221 | 19,m8 | 19,m7 |
| (38628) Huya | 540 km | 39,72 AE | 28,6 AE | 50,9 AE | ~250 Joer | 15,5° | 0,281 | 19,m3 | 19,m3 |
| (28978) Ixion | 400–550 km | 39,48 AE | 29,9 AE | 49,0 AE | ~250 Joer | 19,6° | 0,242 | 19,m4 | 18,m0 |
| (90482) Orcus | 1600–1800 km | 39,47 AE | 30,9 AE | 48,1 AE | ~250 Joer | 20,6° | 0,218 | 19,m1 | 17,m2 |