Plutoid

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kënschtleresch Duerstellung vun de véier Plutoiden an hire Mounden (iewescht Rei) nieft weidere gréisste bekannte transneptuneschen Objete am richtege Moossstaf par Rapport zur Äerd

E Plutoid ass en transneptunesche Zwergplanéit.

No der Entscheedung vun der Internationaler Astronomischer Unioun (IAU) vum 11. Juni 2008[1] sinn d'Plutoiden eng Ënnerklass vun den Zwergplanéiten. Si mussen also eng Ëmlafbunn ëm d'Sonn hunn a genuch Mass besëtzen, fir duerch déi eege Schwéierkraaft eng hydrostatesch Gläichgewiichtsform (bal kugelfërmeg Gestalt) unzehuelen. Genausou dierfe si hiren Orbit net vun aneren Objeten berengegt hunn, sou wéi et bei Planéiten de Fall ass, an et däerf sech bei hinnen net ëm e Satellit handelen. Am Ënnerscheed zu den Zwergplanéite kënnt als zousätzleche Kriterium fir d'Plutoiden nach dobäi, datt déi grouss Hallefachs vun hirer Bunn ëm d'Sonn déi vum Neptun iwwertreffe muss.

Dat heescht, datt den Zwergplanéit Ceres net als Plutoid bezeechent gëtt, well hie sech an der Asteroidenceinture tëschent dem Mars an dem Jupiter befënnt a sech dofir net ausserhalb vun der Neptunbunn ophält.

D'Zwergplanéiten, déi zum Zäitpunkt vun der Definitioun de Plutoidestatus kruten, waren de Nummgiewer Pluto an deen eppes méi groussen Eris. Et ass allerdéngs unzehuelen, datt nach weider Plutoiden am Beräich hannert der Neptunëmlafbunn entdeckt ginn.

Inhaltsverzeechnes

Benennungsprozess[änneren]

An engem vun der International Astronomical Union's Committee on Small Body Nomenclature (CSBN) an der IAU Working Group for Planetary System Nomenclature (WGPSN) geféiertem Benennungsprozess sollen dobäi an Zukunft all Himmelskierper vum Sonnesystem als Plutoide betruecht ginn, wou déi grouss Hallefachs méi grouss ass, wéi déi vum Neptun an dem seng absolut Hellegkeet méi grouss ass wéi +1 Mag ass. D'Astufung als Zwergplanéit resp. d'Réckstufung zum Asteroid gëtt am Kader vu weiderféierenden Observatioune verifizéiert. Doduerch goufen Makemake[2] an Haumea och der Kategorie vun de Plutoiden zougeschriwwen.

Lëscht vun de Plutoiden[änneren]

Kandidaten:

Kuckt och[änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren]