Pohjola

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Pohjola ass eng Plaz an der finnescher Mythologie, déi sech op Pohja, den Norden, bezitt an och op d'Land vun de Sami am finnesche Nationalepos Kalevala.

An der Realitéit besteet Pohjola aus Deeler vu Lappland an dem ale Kainuu. Pohjola kann awer och als reng mythologesch Plaz verstane ginn, als nërdlecht Land, dat fir ëmmer an der Keelt läit, an zugläich och nach d'Source vun allem Béisen ass. Krankheeten an de Frascht komme vun dësem Pohjola. Pohjola ass de Géigner vu Väinölä, dem Land vun de Kalevala.

An der Mythologie ass d'Louhi, eng mächteg béis Hex d'Herrscherin vu Pohjola. De Schmadd Seppo Ilmarinen kreéiert op hire Wonsch hin d'Sampo, als Bezuelen dofir datt hien der Louhi hiert Meedche bestueden däerf. D'Sampo ass, ähnlech wéi d'griichesch Cornucopia, eppes wéi e Becher dee ni eidel gëtt. Mä och aner Figuren aus der Kalevala wollten sech mat den Duechtere vum Louhi bestueden. Ënner hinne ass den Aventurier Lemminkäinen an de Weisen Väinämöinen. D'Louhi verlaangt och vun hinne gewësse Wonner, sou zum Beispill d'Ëmbrénge vum Schwan vun Tuonela. Dës Hochzäiten hunn traditionell mat ordentleche Feieren an de groussen Hale vu Pohjola opgehalen.

D'Fondatioune vun der Sail déi d'Welt dréit waren, no der finnescher Mythologie, iergendwou iwwer dem nërdlechen Horizont zu Pohjola. Déi ganz Geschichte ronderëm d'Louhi, de Krich ëm d'Sampo an d'Brieche vun der Sail déi d'Welt dréit sinn de Stoff, aus deem d'Kalevala besteet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]