Point24

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Point 24)
Point24
Typ Dageszeitung
Sprooch Däitsch,
Franséisch,
Portugisesch
Éischt Ausgab 2006
Besëtzer Saint-Paul Luxembourg
Format Compact
Websäit http://www.point24.lu/


Point24 (am Logo: .24) war eng Gratiszeitung vum Grupp Saint-Paul Luxembourg, déi a bis zu 3 Sproochversiounen tëscht dem 27. November 2007 an dem 21. Dezember 2012[1] erauskomm ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 27. November 2007 koum déi éischt Editioun eraus, ufanks just op Franséisch a vum 29. Abrëll 2009 bis de 7. Januar 2011 zweesproocheg franséisch an däitsch. Vum 10. Januar 2011 u koum eng getrennt däitsch (Cyan-blo), franséisch (Magenta-rout) an zanter Februar 2011 zousätzlech freides eng portugisesch (gréng) Ausgab eraus.

Déi däitschsproocheg Ausgab gouf vun der Redaktioun vum Luxemburger Wort zesummegestallt, déi franséisch Editioun vun där vun der Voix du Luxembourg. Chefredakter war de Jean-Marie Denninger, dee beim Républicain Lorrain ugefaangen hat. De Marc Vanacker war de Coordinateur vun der franséischer Editioun.[2] Déi portugisesch Editioun gouf vun der Redaktioun vun der Wochenzeitung Contacto zesummegestallt, Chefredakter war de José Correia.[3]

Déi portugisesch Editioun war vu September 2011 un net méi an all de Verdeelerkëschten ze fannen. Déi lescht Editioun vum Point24 op Däitsch a franséisch koum den 21. Dezember 2012 eraus.[1]

Oplo[änneren | Quelltext änneren]

point24 hat eng Ufanksoplo vu 60.000 Exemplären, déi an iwwer 350 Verdeelerkëschten ze fanne waren.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

souwéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel attestéiert gouf:

4/2008 4/2009 4/2010
56.965[4] 42.889[4] 44.683[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Ukënnegung vun der leschter Editioun vum Point24 op www.adada.lu
  2. „Point 24“: Noch mehr News aus Luxemburg Deutsche und französische Ausgabe jetzt mit 32 Seiten 05.09.2011 07:50
  3. "Point 24: Aktuelle News in Portugiesisch." wort.lu, 03.02.2011 08:23.
  4. 4,0 4,1 Quell: Romain Hilgert: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10.
  5. Romain Hilgert: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8.