Poitou

Vu Wikipedia
Poitou


Wope vum Poitou
De gueules à cinq châteaux donjonnés
chacun de trois tourelles d'or, ordonnés en sautoir
.
De Poitou a Frankräich.
Kaart vun de Vëlker a Gallien.

De Poitou ass eng fréier franséisch Provënz tëscht der Bretagne, dem Anjou an der Touraine am Norden, dem Berry an der Marche am Osten, dem Angoumois, der Saintogne an dem Aunis am Süden an dem Atlantik am Westen an um aktuellen Territoire vun den Departementer vun der Vendée, Deux-Sèvres an der Vienne souwéi e puer Deeler vun der Haute-Vienne, der Charente a vun der Charente-maritime. D'Haaptstad war Poitiers.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Poitou kann a véier geographesch Géigenden agedeelt ginn:

  • De sougenannte Seuil du Poitou eng flaach Géigend déi de Paräisser Baseng mat deem vun der Aquitaine verbënnt, an de Massif armoricain vum Massif central trennt an an där haaptsächlech Weess ugebaut gëtt.
  • De Marais poitevin e fréiere Golf aus dem Tertiär deen zougeschwemmt gouf an d'Flaachland ëm Fontenay-le-Comte wou haaptsächlech Geméis a Fuddermëttele gezillt ginn.
  • D'Vendée am Norden ass déi südlechst Extremitéit vum Massif armoricain, eng Heckelandschaft wou Käre gezillt ginn, a laanscht Küst Véizuucht bedriwwe gëtt.
  • De Marais breton wou Geméis gezillt gëtt, eng fréier Bucht déi dréchegeluecht gouf a vun där haut nach just Noirmoutier als Insel Rescht ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Antiquitéit war d'Provënz vun de Piktone bewunnt, e keltescht Vollek dat ëm 55 v.Chr. vun de Réimer ënnerworf gouf an deenen hir Lännereie bei d'Aquitaine geprafft goufen.

Am 4. Joerhonnert hunn den hellegen Hilaire an den hellege Mäerten de Poitou evangeliséiert.

Duerch d'Vëlkerwanderungen hate sech weider Vëlker do néiergelooss, dorënner d'Taifalen, d'Angeln an d'Sarmaten awer d'Westgothen hate sech am 5. Joerhonnert de Poitou ënner den Nol gerappt a waren do Meeschter bis 507. Bei der Schluecht vu Vouillé am Fréijoer 507 hunn d'Franken ënner der Féierung vum Clovis I., d'Westgothen an deenen hir Alliéiert d'Auvergnate, geklappt a sou koum de Poitou bei d'Frankeräich.

732 an der Schluecht vu Poitiers, konnten d'Franken ënner dem Karl Martell bei Poitiers de Virmarsch vun den Araber stoppen.

Am 9. Joerhonnert hunn de Ranulf I. a säin Nofollger de Ranulf II. alles drugesat fir hiert Härschaftsgebitt bis un d'Pyrenäen ze vergréisseren awer 851 huet de Poitou duerch den Traité vun Angers en Deel vum Bas-Poitou verluer. Um Ufank vum 9. Joerhonnert huet den Herzog vun Anjou, Foulque Nerra e Krich géint de Grof vu Blois an dee vun der Bretagne ugefaangen. Hie konnt den Anjou mat d'Territoirë vum Maine an der Touraine erweideren, an huet d'Mauges eruewert an op en Neits huet de Poitou Territoire verluer.

No der Hochzäit vun der leschter vun de Ramnulfiden, der Eleonore vun der Aquitaine mat dem franséische Kinnek Louis VII. a spéider mam englesche Kinnek Henry II. huet de Poitou eng gewëssen Autonomie behalen. Wéi déi Autonomie a Fro gestallt gouf, gouf dëst schlecht vum Adel opgeholl, wat sech a ville Revolte gewisen huet. An de Joren 1173-1179, 1188 an 1194 huet sech den Adel géint den englesche Kinnek erhuewen, 1219-1224 an 1242 géint de Kinnek vu Frankräich[1]. Dësen Opstand ass mat der Schluecht vun Taillebourg 1242 op en Enn gaangen.

Vun dësem Moment un a bis zum Enn vum Mëttelalter huet den Adel vum Poitou bei alle Mouvementer géint d'zentral Muecht matgemaach.

D'Haus Lusignan, wat der Legend no vun der Melusina an dem Raymondin gegrënnt ginn ass, huet verschidde Kinneke vun Zypern a Jerusalem gestallt. D'Famill huet och eng grouss Partie vum Poitou dominéiert, an hunn souguer fir eng Zäit iwwer d'Grofschaften Angoulême a La Marche geherrscht.

Am 16. Joerhonnert huet sech d'Reformatioun an der Provënz breet gemaach, déi d'Protestante wärend de Reliounskricher ënnerstëtzt huet. Ëm 1630 gouf et am Poitou eng ronn 90.000 Protestanten[2].

D'Poitevins hunn e groussen Deel vun de Kolonisten duergestallt, déi sech an Neifrankräich (Québec, Akadien) néiergelooss hunn. 1790 gouf aus der Provënz Poitou d'Departementer Vendée, Deux-Sèvres a Vienne.

Schluechten[änneren | Quelltext änneren]

An der Geschicht vum Poitou koum et zu e puer wichtege Schluechten wéinst senger strategescher Lag tëscht dem Paräisser Baseng an dem Baseng vun der Aquitaine:

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Combes (Ersg.), Histoire du Poitou et des Pays charentais, Éditions Gérard Tisserand, 2001. (ISBN 2-84494-84-6)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vun 1241 bis 1271 war de Poitou den Apanage vum Alphonse vu Poitiers, Brudder vum Louis IX.
  2. Pierre Miquel, Les Guerres de religion, S. 435.