Poker
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Poker ass eng Famill vu Glécksspiller, déi mat Kaarten ausgedroe ginn a bei deenen et d'Zil vum Spill ass, déi beschtméiglech Hand ze kréien.
Inhaltsverzeechnes |
Allgemenges [änneren]
Hänn [änneren]
Variante mat der héchster Hand [änneren]
Bis op e puer Varianten (op déi am nächsten Abschnitt agaange gëtt), ass d'Zil beim Poker, déi héchsten Hand ze kréien. Jiddwer Kaartekombinatioun huet eng Wäertegkeet, déi vu virera festgeluecht ass.
Royal Flush [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Royal Flush ![]()
E Royal Flush besteet aus der Zaang, dem Bauer, der Damm, dem Kinnek an dem Äss vun enger Spillfaarf.
Straight Flush [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Straight Flush ![]()
E Straight Flush si 5 Kaarte vum Kaartespill an der Rei an an derselwechter Spillfaarf. Den Äss kann als klengste Kaart an als gréisste Kaart benotzt ginn. Et kann awer kee Straight Flush iwwert den Äss eraus goen (Q-K-A-2-3 ass also kee Straight Flush). Beim Straight Flush zielt déi héchste Kaart.
Carré [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Carré ![]()
E Carré, och nach Véierleng genannt, si véier Kaarte vun engem Wäert. Wann zwéi Spiller deselwechte Carré hunn, gewënnt de Spiller mat der beschter fënnefter Kaart.
Full House [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Full House ![]()
E Full House ass en Drilling mat engem Puer. Wa béid Spiller e Full House hunn, gëtt gekuckt wien de besseren Drilling huet, duerno wien dat bessert Puer huet.
Faarf [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Faarf (Poker) ![]()
Eng Faarf, och nach Flush genannt, si fënnef Kaarte vun enger Spillfaarf déi net an enger Rei sinn. Beim Flush zielt déi héchste Kaart.
Strooss [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Strooss (Poker) ![]()
Eng Strooss si 5 Kaarten an enger Rei, mä net vun derselwechter Spillfaarf. Bei der Strooss zielt déi héchste Kaart.
Drilling [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Drilling (Poker) ![]()
En Drilling sinn dräi Kaarten vun engem Wäert. Wann zwéi Spiller en Drilling hunn zielt den héchsten Drilling. Wann zwéi Spiller deselwechten Drilling hunn, zielt déi héchst Bäikaart, duerno déi nächsthéchst.
Zwee Puer [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zwee Puer (Poker) ![]()
Zwee Puer sinn zweemol zwou Kaarten vum selwechte Spillwäert. Wann zwéi Spiller zwee Puer hunn, zielt dat héchst Puer. Wann dat datselwecht ass, zielt dat zweethéchst Puer. Bei Gläichstand entscheet déi fënneft Kaart.
Puer [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Puer (Poker) ![]()
E Puer sinn zwou Kaarte vum selwechte Spillwäert. Wann zwéi Spiller e Puer hunn, zielt dat héchst Puer. Wa se d'selwecht sinn, ginn déi dräi aner Kaarte gekuckt.
Héchst Kaart [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Héchst Kaart (Poker) ![]()
Huet kee Spiller eng vun den uewe genannte Kombinatiounen zielt déi héchst Kaart.
Variante mat der niddregster Hand [änneren]
An der Variant Razz gewënnt déi niddregst Hand. Zil vum Spill ass et fënnef méiglechst kleng Kaarten ze kréien, ouni dobäi e Puer an der Hand ze hunn. Well Razz eng Variant vum Seven Card Stud ass, kritt de Spiller siwe Kaarten an d'Hand. Déi bescht méiglech Hand am Razz ass A-2-3-4-5, am Pokerjargon als Wheel(Rad) bezeechent. An de Variante Stud an Omaha Hold'em kann Hi/Low gespillt ginn, dat bedeit datt de Pot tëscht dem Spiller mat der héchster Hand("High Hand") an dem Spiller mat der niddregster Hand("Low Hand") opgedeelt gëtt. Wa keng niddreg Hand méiglech ass, kritt déi héchst Hand de ganze Pot.
Varianten [änneren]
- Texas Hold'em
- Texas Hold'em Limit,
- Texas Hold'em No Limit
- Texas Hold'em Pot Limit
- Texas Hold'em Fixed Limit
- Omaha Hold'em
- Omaha Hold'em Hi Pot Limit
- Omaha Hi/Low Pot Limit,
- Seven Card Stud
- Seven Card Stud Hi Limit
- Seven Card Stud Hi/Low Limit
- Seven Card Stud Low Limit (Razz)
- "DeucetoSeven Lowball"
- "DeucetoSeven" Single Draw
- "DeucetoSeven" Triple Draw
- Draw Poker
- Draw Poker mat 5 Kaarten
- HORSE
- SHOE
- "Chinese Poker"
Legalitéit zu Lëtzebuerg [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Poker – Biller, Videoen oder Audiodateien |