Pokerbot

Vu Wikipedia

E Pokerbot oder Poker Robot ass e Computerprogramm respektiv Bot, deen online Poker spillt. D'Iddi fir sou ee Programm koum ursprénglech aus den Universitéiten, wou och déi éischt Pokerbotten entwéckelt goufen. Dës Programmer waren net kommerziell, mä éischter am Kontext vun der Kënschtlecher Intelligenz entwéckelt ginn. Kuerz drop waren déi éischt kommerziell Botten ze kréien. Déi éischt Generatioun war nach zimmlech benotzeronfrëndlech. Et huet ee gutt Programméierkenntnisser gebraucht fir d'Pokerstrategie z'integréieren. Méi nei Pokerbotversioune kënne méi liicht ugepasst ginn an e groussen Deel vun de Basisstrategie si schonn enthalen.

D'Ubidder vun Onlinepoker kämpfen zanter dem Opdauche vun dëse Programmer géint d'Notzung vu Botten an hire Pokerraim. Bei verschiddene groussen Ubiddere gëtt de Pokeraccount direkt gespaart, soubal festgestallt gouf, datt e Bot mat am Spill war.

Am Joer 2005 huet de Golden Palace Casino eng Pokerbot-Meeschterschaft zu Las Vegas organiséiert. Ageluede waren all Entwéckler vu Pokerbotten. Zwee Joer méi spéit gouf d'Pokerbot-Weltmeeschterschaft zu Miami ausgedroen.