Pol Aschman

Vu Wikipedia
Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pol Aschman
De Pol Aschman ass am Familljegraf Aschman-Huss um Nikloskierfecht begruewen.
Gebuer 8. Februar 1921
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. August 1990
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Zwangsrekrutéierten

De Paul (Pol) Aschman, gebuer den 8. Februar 1921 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 10. August 1990, war e lëtzebuergesche Fotojournalist a Chronist.

Hien ass virun allem bekannt wéinst senge Fotoe mat deenen hien d'Liewen an der Stad Lëtzebuerg, an och soss am Land, dokumentéiert huet.

No der Primaireschoul an der Aldringerstross an der Stad Lëtzebuerg, huet hie Secondairesstudien am Athenäum gemaach, déi duerch den Zweete Weltkrich ënnerbrach goufen.

1940 gouf hie wéinst Resistenzaktivitéite verhaft a gouf duerno als Zwangsrekrutéierte vun der däitscher Arméi an d'Sowjetunioun un d'Front geschéckt. Bei Kampfhandlunge gouf hie schwéier blesséiert. No engem Openthalt an engem Militärspidol a Polen koum hien 1945 zeréck op Lëtzebuerg.

Hien huet probéiert mat sengem Studium weiderzefueren, dat awer ouni Erfolleg. Doropshin huet hie sech an der Fotosschoul zu Vevey an der Schwäiz ageschriwwen.

Den 1. August 1949 koum hien als Fotoreporter bei d'Revue[1], déi en 1967 als Chefredakter verloss huet. Vun 1967 un huet hie fir d'Luxemburger Wort geschafft, an dat bis zu senger Pensioun am Joer 1984.[2]

1997 huet d'Stad Lëtzebuerg dem Pol Aschmann säi Fotoarchiv opkaaft, fir et an der Fotothéik vun der Stad ze konservéieren.

Hie war de Jong vum Cheemiker a Fotograf Camille Aschman Jr..

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Posthum Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2000, am Cercle municipal an der Stad Lëtzebuerg, bei Geleeënheet vum 10. Doudesdag vum Paul Aschmann.
  • 2009, am Stadhaus um Knuedler: Il n'y a pas si longtemps. Photos de Pol Aschmann des années 1950-1980. Vum 13. August bis de 14. September.
  • 2021, am Ratskeller vum Cercle municipal: Des gens et des rues - 100 ans Pol Aschman.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 2001, Trésors de la Photothèque: Pol Aschmann. Erausgi vun der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, 188 Säiten. ISBN 2-9599812-0-0. (Mat enger Selektioun vun 160 Fotoe vum Pol Aschmann. D'Texter sinn an dräi Sproochen: lëtzebuergesch, franséisch an däitsch).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Trésors de la Photothèque: Pol Aschmann, S. 182
  2. Sandra M. Petrillo, 2002. Woxx Magazine 623 vum 11. Januar 2002.
  3. IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022