Pol Greisch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Pol Greisch, gebuer den 8. Abrëll 1930 zu Walfer, ass e lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur.
Zënter 1953 huet de Pol Greisch, dacks zesumme mat senger Fra, der Juliette François, déi 2007 gestuerwen ass, a franséisch-, däitsch- oder lëtzebuergeschsproochegen Theaterstécker gespillt. Nieft de Stécker schreift hie Prosa a Gedichter.
De Pol Greisch ass Member vum Institut grand-ducal an den aktuelle Vizepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.
De Pol Greisch ass de Papp vum Gittarist Cary Greisch.
Inhaltsverzeechnes |
Wierker [änneren]
Theaterstécker [änneren]
- Äddi Charel (1966)
- Besuch (1969)
- Ënnerwee (1978)
- Grouss Vakanz (1980)
- Viru mam Jabel (1981), opgeféiert 1978 am Neien Theater
- Margréitchen (1986)
- E Bucki (1983), Eenakter
- De laangen Tour (1988)
- E Stéck Streisel (1992)
- Kellerzerwiss (1992)
- E Platten (1995)
- Léiwe Kleeschen (1997)
- Aarme Louder (1998)
- Eng Heemelmaus (1999)
- Wanter (2000)
- Kiischtebléien (2002. Uropféierung: 27. 2. 2003)
- Fënsterdall, Première am TNL de 14. November 2008
Autobiographesches [änneren]
- Fir meng Mamm. Aus engem laange Bréif, 2000
Prosa [änneren]
- Mäi Frënd Benn, Roman, 2004
- D'Sonnesäit
- De Monni aus Amerika. Geschichten. Ultimomondo, 2012, ISBN 978-2-919933-82-2
Aneres [änneren]
- … an och de Batty-Weber-Präis : Kleng Usprooch , 2002, Am: Galerie. - n 3 (2002), S. 351-356
De Schauspiller [änneren]
Filmer [änneren]
- Déi zwéi vum Bierg (1985) vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger
- Mumm Sweet Mumm (1989) vun AFO-Film
- Schacko Klak (1990) vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann
- E Liewe laang (1992)
- Emil (2010) vum Marc Thoma
Auszeechnungen [änneren]
- Servais-Präis 1993 fir Äddi Charel - Besuch - E Stéck Streisel
- Batty-Weber-Präis 2002 fir säi Liewenswierk.
- Servais-Präis 2013 fir De Monni aus Amerika