Pol Pütz

Vu Wikipedia
Pol Pütz
Gebuer 4. Juni 1947
Lëtzebuerg
Gestuerwen 3. Juli 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Pol Pütz, gebuer de 4. Juni 1947 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen den 3. Juli 2012[1], war e lëtzebuergeschen Auteur.

Hie war laang Jore Chef vun der Finanzsektioun vun der Police judiciaire. Hien ass opgewuess an der Buerg (Buerglënster) a Grënnungsmember vun de Frënn vum Bierger Schlass (Les amis du château de Bourglinster).

Hie war ausserdeem:

De Pol Pütz huet vu Kand u geschriwwen. Am Ufank och däitsch Gedichter, duerno nëmme méi lëtzebuergesch Texter. Seng Publikatioune fënnt ee virun allem a verschiddenen Anthologien, Zeitungen an Zäitschrëften, besonnesch an de Cahiers luxembourgeois.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972: Éischt Gedichter am Lëtzebuerger Land.
  • 1973: Éischt Cabaretstexter fir de Kasemattentheater a Sketcher fir den Hei elei.
  • 1974: Éischt Revue Lux-Data zesumme mam Pir Kremer. Duerno bis haut, bal all Joer Mataarbecht bei der Revue vum "Lëtzebuerger Theater" ënner dem Pseudonym Pop.
  • 1975: D'Seibecken, Gedichter a Lidder. Editioun « Lëtzebuerger Land ».
  • 1977: Déi Kleng Chamber, en Disk. Editioun Kasemattentheater Lëtzebuerg.
  • 1978: Hie schreift d'Revue Et huet gelaut eleng.
  • 1980: Hopp Marjänn, éischte Lëtzebuerger Musical. Musek Pierre Nimax. Première den 21. Dezember 1980 am Neien Theater.
  • 1982: Hopp Marjänn op LP. DELTA Lëtzebuerg.
  • 1984: Du brauchs kee Strack, Gedichter a Lidder. RTL Éditions.
  • 1989: Den Theater ass eist Liewen an Du wors versprach op LP. Editioun IP Lëtzebuerg.
  • 1995: Wou d'Uelzecht, Gedichter a Lidder. Editioun Cahiers Luxembourgeois.
  • 1997: Fango-Tango, Cabaret rondrëm 150 Joer Bad Munneref.
  • 1999: Hopp Marjänn gëtt den 2. Juni zu Beetebuerg fir d'éischt mat engem Symphonieorchester opgefouert.
  • 1999: D'Revanche vum klenge Mann, Geschicht a Geschichte vun der Lëtzebuerger Revue am Almanach vum Joerhonnert. Éditions Binsfeld.
  • 2000: Den Erni, aus dem Liewe vun engem Walfer Kueb. Editioun Walfer Gemeng.
  • 2004: Kenns Du dat Land? Geschichten a Gedichter. Éditions Les Cahiers Luxembourgeois
  • 2010: De Fatzert. Theaterstéck an engem Akt.
  • 2012: Den Abbes an d'Nicole. 9 Geschichten aus dem Liewen. Éditions Guy Binsfeld, ISBN 978-2-87954-261-4.

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Conter, Claude D., 2007. Pütz, Pol. In: Luxemburger Autorenlexikon. Erausgi vum Germaine Goetzinger & Claude D. Conter an Zesummenaarbecht mat aneren. S. 487-488. Centre national de littérature. Imprimerie Graphic Press.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pol Pütz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Moiesnoriichten de 4. Juli 2012 um 100,7.